De Brevet A soll déi Jonk drop preparéieren Kanner oder Jonker wärend enger Fräizäitaktivitéit (ouni Iwwernuechtung) an ënner Opsicht vun engem Verantwortlechen ze betreien. Den Animateur ënnerstëtzt e Verantwortleche bei enger Aktivitéit mat Kanner oder Jugendlechen. Am festgeluechten a zäitlech begrenzte Programm plangt a leet den Animateur eegestänneg eng bestëmmten Aufgab.
Programm:
D’Ausbildung besteet aus 30 Stonnen Theorie an 20 Stonne Stage, déi zu engem spéideren Zäitpunkt am Jugend- oder Kannerberäich mussen absolvéiert ginn.
Am Mëttelpunkt vun dëser Ausbildung stinn:
• Grondkenntnisser vun der Betreiung vu Kanner a Jugendlechen
• Opbau an Emsetzung vun Aktivitéiten
• Verantwortung vum Betreiungspersonal
• Sécherheet während Aktivitéiten
Typesch Asazplazen:
• Fräizäitaktivitéite wärend der Summervakanz, déi vun de Gemengen oder Maison Relais organiséiert ginn.
• Fräizäitaktivitéiten an a mat de Jugendhaiser, sief dat an de Vakanzen oder Weekends.
Eckdaten:
- 11.04.2023 – 14.04.2023
- Treffpunkt um 8.00 zu Miedernach am Centre AREND-FIXMER (33, rue de Larochette, L-7661 Medernach)
- Participatioun: 100€
- mat 3 obligatoreschen Iwwernuechtungen am Centre Arend-Fixmer
Umeldung
Info
Nordstadjugend
7, avenue de la gare
L-9233 Diekirch
Tel.: (+352) 80 91 65 – 21
Du wëlls un enger Naturaktivitéit fir Kanner an denger Gemeng Deel huelen, an denger Fräizäit ökologesch Zesummenhäng erkennen, z.B. wéi een Afloss de Mënsch op d’Natur huet oder wéi d’Joreszäiten funktionéieren? Du wëlls Freed, Spill a Spaass an der Natur?


