Den 21. Dezember 2022 gouff d’Gemeng Mäerzeg mam « Prix communal 2022 » vum Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer ausgezeechent.
Mat dësem Präis hieft de Ministère déi Gemengen ervir, déi hir Bereetschaft gewisen hunn, sech fir e bessert Zesummeliewen vu Fraen a Männer an hirer Gemeng anzesetzen.
Dës Gemengen hunn sech duerch hire Modell-Charakter verdéngt gemaach, deen aner Gemengen encouragéiere wäert, sech och eng aktiv Egalitéitspolitik ze ginn an Aktivitéiren ze realiséieren, déi der Promotioun vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer souwéi Jongen a Meedercher op hirem Territoire zegutt kommen.
Weider Infoen an de Communiqué vum Ministère fannt Dir hei.