Ëmweltberodung Lëtzebuerg

D’Gemeng Mäerzeg ass Member bei der Ëmweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l., kuerz EBL. D’EBL ass eng onoofhängeg a neutral Berodungsorganisatioun am Ëmweltberäich, déi virun allem de Gemengen eng Hëllefstellung bitt an eng permanent Austauschplattform fir Ëmweltberoder an -intresséierter duerstellt.

Nierwt de Gemengen zielen awer och aner ëffentlech oder privat Institutiounen, Ëmweltariichtungen a Privatpersounen zu der Zilgrupp.

Momentan sinn 77 Gemengen Abonnent bei der EBL, déi zesummen ca. 85% vun der Landespopulatioun repräsentéieren.

Méi Infos

Publikatiounen

Aller au contenu principal