Projet « Tiny Forest »

LU

Wousst Dir datt 300 Beem bis zu 18 Mol méi räich u Biodiversitéit si wéi eng konventionell Wiss?

D’Kreatioun vun engem echte komplexen Ökosystem voller Biodiversitéit, d’Regeneratioun vum Bëschbuedem an d’Reconnectioun vum Mënsch mat senger Ëmwelt… dat sinn e puer vun den Aufgabe vum Mikro-Bësch, enger duerchduechter Neiuplanzung, deen hei virun iech steet.

E gouf 2023 op engem Terrain vun 200 m2, no der Miyawaki Method ugeluecht, bei där 3 Beem pro Quadratmeter an ee Buedem geplanzt ginn, deen esou beaarbecht gouf, dat de Bësch op ganz natierlech Aart a Weis an ouni mënschlecht Awierke bléien a wuesse kann. Dëst Paradäis vu Biodiversitéit ass d’Doheem vun ongeféier fofzéng verschiddene gebiertege Bamaarten, dorënner d’Eech, d’Biirk, d’Hobich, de Bënzelter, d’Schléiw oder de schwaarzen Hielenner.

Akierzter Zäit wäert dëst kléngt Stéckche Bësch sech zu enger visueller an akustescher Plaz vun der Erhuelung entwéckelen, d’Biodiversitéit vergréisseren an ee bessert Mikroklima assuréieren.

Dëse Projet gouf duerch 260 Greenpeace Donateuren an Donatricen, der Gemeng Mäerzeg an dem Sicona erméiglecht. An Zesummenaarbecht mat SOWoods war et hinne méiglech dëse Liewensraum fir d’Natur ze planzen.


FR

Saviez-vous que 300 arbres amènent jusqu’à 18 fois plus de biodiversité qu’une pelouse classique ?

Création d’un véritable écosystème complexe avec le retour à la biodiversité, la régénération de sols forestiers et la reconnexion de l’homme avec son environnement… voilà quelques-unes des missions de la micro-forêt, plantation réfléchie, qui se trouve devant vous.

Elle a été plantée sur 200 m2, en mars 2023, selon la méthode Miyawaki qui consiste à planter 3 arbres par mètre carré sur un sol qui a été travaillé afin de donner vie à des forêts plus naturelles, s’épanouissant sans intervention humaine et d’optimiser au maximum leur croissance. Cette oasis de biodiversité abrite une quinzaine d’espèces d’arbres indigènes différentes dont le chêne chevelu, le bouleau verruqueux, le charme, le sorbier, le prunellier ou encore le Sureau noir.

Très vite, cet îlot apportera à l’entourage une sérénité visuelle, un écran sonore, le développement de la biodiversité favorisera le ralentissement du réchauffement climatique.

Ce projet a pu voir le jour grâce aux 260 donateurs et donatrices de Greenpeace Luxembourg, la commune de Mertzig et le Sicona qui ensemble ont réussi à planter ce refuge pour la nature avec l’aide de SOWoods.


20230221-OFA-panneau-Mertzig-HD
Aller au contenu principal