Fairtrade

D’Gemeng Mäerzeg ass zënter dem 25. Januar 2019 eng offiziell Fairtrade Gemeng zu Lëtzebuerg, eng vu mëttlerweil 38 Gemengen am Land. Den 12. August 2021 konnt d’Gemeng och nei zertifiéiert ginn fir d’Joren 2021 an 2022, nom Erfëlle vun de Kritären an dem Engagement dee beim “Audit” vu Fairtrade Lëtzebuerg ënnert d’Lupp geholl ginn ass.

Mike Poiré, Buergermeeschter: “Bei allem wat mir maachen, dorënner den Engagement fir de fairen Handel, sti Wäerter am Mëttelpunkt: Mënschewierd, Respekt, Gläichbehandlung, Solidaritéit, sozial Gerechtegkeet a Kohäsioun, ökologesch Nohaltegkeet, demokratesch Matbestëmmung. Mir schaffen dofir och nom Wirtschaftsmodell vun der Gemeinwohl-Ökonomie, an do ass de fairen Handel e wichtegen Deel. Et geet eis drëm all politesche Schratt ënnert d’Lupp ze huelen no dësem Wäertemodell, mam Pro a Kontra, fir dann zum beschtméigleche Resultat oder Kompromëss ze kommen zum Wuel vun der Allgemengheet. Mir stinn zu eisem Engagement, ginn als Gemeng mam gudde Beispill vir a notzen all Geleeënheet fir an deem Sënn ze sensibiliséieren.”

De fairen Handel ass een alternative Wirtschaftsmodell mam Zil méi Gerechtegkeet am internationalen Handel duerchzesetzen. Et geet drëms d’Liewenssituatioun vun de benodeelegte Produzenten an Aarbechter an Afrika, Asien a Latäinamerika ze verbesseren. De fairen Handel ass eng Partnerschaft tëscht de Produzenten an den Aarbechter am Süden an de Konsumenten am Norden.

Mam Kaf vu Fairtrade Produiten dréit de Konsument zu engem méi fairen Handelssystem bäi, wat op ekonomeschen, sozialen an ökologeschen Norme baséiert. Fir d’Produzenten an d’Aarbechter am Süden ginn esou Viraussetzunge geschaf, sech eegestänneg eng besser Zukunft opzebauen.

De fairen Handel ass eng Handelspartnerschaft, déi op Dialog, Transparenz a Respekt berout a no méi Gerechtegkeet strieft. Als Fairtrade Gemeng dréit Mäerzeg zu enger nohalteger Wirtschaft bäi déi de Mënsch an d’Ëmwelt an Afrika, Asien a Latäinamerika respektéiert.

Am selwechte Kontext huet de Gemengerot an der Sitzung vum 20. Mee 2021 eestëmmeg eng Deliberatioun ugeholl déi d’“Initiative pour un devoir de vigilance” ënnerstëtzt an déi sech asetzt fir dass wéi an eenzelne Nopeschlänner och zu Lëtzebuerg e Liwwerkettegesetz adoptéiert gëtt dat d’Entreprise verflicht, sech fir de Respekt vun de Mënscherechter an der ganzer Liwwerketten anzesetzen.

Méi Infos: www.fairtrade.lu / www.fairtradegemeng.lu

Am Kader vun de Fairtrade Wochen 2023 huet d’Mäerzeger Schoul dëse neien Video gedréint. D’Kanner hunn de jonke Buergermeeschter “Här Banané” genannt. Dat passt! Ganz besonnësche Merci de Schauspiller, dem Schoulpersonal an dem jonken Kamera- a Produzententeam!  And the Oscar goes to …!

Fairtrade News

Aller au contenu principal