HOPLR – D’Noperschaftsnetzwierk

D’Gemeng Mäerzeg benotzt Hoplr, déi privat Websäit fir d’Noperschaft. Jiddereen, deen an der Gemeng wunnt, ka sech aschreiwen an op eng einfach Manéier mat senge Noperen a Kontakt kommen.

Woufir kënnt Dir dës Websäit notzen?

  • fir Är Nopere besser kennen ze léieren
  • fir Iech ëm Är Noperen ze këmmeren an Iech géigesäiteg Ënnerstëtzung unzebidden
  • fir zum Beispill eng Leeder oder eng Buermaschinn ze léinen
  • fir e gudden Installateur oder en zouverlässege Babysitter an der Noperschaft ze fannen
  • fir iwwer d`Verkéiersproblematik oder d‘Schantercher ze diskutéieren
  • fir zum Beispill e Vide-grenier oder e Nopeschfest unzekënnegen

Natierlech ass esou en Netzwierk nëmme sënnvoll, wa genuch Nopere sech aschreiwen. An anere Gemengen hei zu Lëtzebuerg, an der Belsch an an Holland huet d‘Netzwierk sech scho bewäert. D‘Aschreiwung ass onkomplizéiert a gratis.

D‘Uweisungen fir Iech anzeschreiwen kritt Dir am Populatiounsbüro vun der Gemeng Mäerzeg.

Déi mobil App ass fir den iPhone disponibel am App Store a fir Android am Play Store:


La Commune de Mertzig a commencé à utiliser Hoplr, le site web privé pour les quartiers. Toute personne vivant à Mertzig peut s’y inscrire et entrer facilement en contact avec ses voisins.

À quoi peut vous servir ce site web ?

  • à faire connaissance avec vos voisins
  • à prendre soin de vos voisins et développer de l’entraide
  • à prêter ou emprunter une échelle ou une perceuse à l’un de vos voisins
  • à trouver un bon plombier ou un baby-sitter de confiance dans votre quartier
  • à discuter des problèmes de circulation ou des travaux de voirie
  • à annoncer un vide-grenier ou une fête de quartier

Évidemment, un tel réseau ne peut être une réussite que s’il compte suffisamment de membres. Il a déjà fait ses preuves dans d’autres communes en Belgique, au Luxembourg et aux Pays-Bas.

L’inscription est très simple et gratuite, vous recevez les instructions au bureau de la population de la commune de Mertzig.

Une app est disponible dans l’App Store pour les appareils iOS et dans le Play Store pour les appareils Android:

Aller au contenu principal