Turelbaacher Schlass – e Stéck Mäerzeger Patrimoine

No reegelméissegem Kontakt zënter Enn 2018 tëscht Verkeefer a Keefer, no gemeinsamen Demarche bei verschidde Ministèren a bei der Administratioun vum „Service des Sites et monuments nationaux“, war de Mäerzeger Gemengerot frou fir an der Sitzung vum 26. November 2020 de „Compromis de vente“ eestëmmeg unzehuelen, deen de Schäfferot mat der Madamm Anny Gilson-Schaack, Wittfra vum Pol Gilson, ënnerschriwwen huet. D’Gemeng Mäerzeg gëtt esou Proprietär vum „Domaine Turelbaach“ op der Grenz vu Mäerzeg an Dellen, um Territoire vun der Gemeng Groussbus, diskret geleeën an der Natur bei der Turelbaacher Quell tëscht dem „ënneschte Bësch“ an „auf Steimicht“ hannert dem „Jungenwald“, op enger Surface vun insgesamt 5,8 Hektar.

Mike Poiré, Buergermeeschter: „Vu béid Säite war an ass ët eng Häerzensugeleeënheet. De Pol Gilson, fréiere Gemengesekretär a kulturell immens engagéiert, huet eppes Eemoleges do geschaf, matzen an der Natur, wou vill Mäerzeger sech bis haut domat identifizéieren, sief et duerch d’Turelbaacher Fest, wat bis an d’1990er Joren organiséiert ginn ass, oder duerch d’Turelbaacher Musikanten. Duerch d’Spadséieren am direkten Ëmkrees a virun allem och an de leschte Joren duerch déi vill Fotoe vum Site an de soziale Medien, déi äifreg kommentéiert gi sinn, zielt d’Turelbaach mëttlerweil als mat eng vun de schéinste Plazen am Land. Den Héichpunkt méi rezent war bestëmmt och d’Loftopnam vum „Schlass“ als heemleche Bunker vum Grand-Duc am Lëtzebuerger Kinoerfolleg „Superjhemp Retörns“!“

D’Gemeng Mäerzeg huet sech engagéiert fir de Site ze erhalen, der Allgemengheet zougänglech ze maachen an ënnert anerem d’Wierk vum Pol Gilson ze honoréieren. Mike Poiré: „Mir hu vill Iddien! Eng éischt fundamental Etapp wäert si fir d’Gebai national schützen ze loossen iwwert d‘Denkmalschutzgesetz. Dës Demarche huet de Gemengerot an der Sitzung vum 11. Februar 2021 och eestëmmeg approuvéiert an de ganzen Dossier ass un d’Kulturministesch geschéckt ginn.“

D’Beweeggrënn fir dës Demarche beschreiwt de Buergermeeschter am offizielle Schreiwes: „(…) Tout en gardant son authenticité et l’exemplarité, la Commune s’est engagée à entretenir et à développer le Domaine Turelbaach dans un esprit d’intérêt public en créant un lieu de mémoire honorant l’oeuvre architectural et artistique de Monsieur Pol Gilson qui a construit le domaine à partir de 1964. Dans cet esprit et en application de la loi du 18 juillet 2018 concernant la protection de la nature et des ressources naturelles, dont notamment l’article 7, paragraphe 7, la Commune s’est engagée à entamer toutes les démarches nécessaires afin d’obtenir les autorisations pour des activités de récréation, d’éducation ou de tourisme. Ainsi, des ateliers didactiques pourront être envisagés dans l’immeuble classé, un sentier pédestre thématique aménagé dans l’écrin de verdure, sans oublier le potentiel de la forêt et des alentours comme éventuelle réserve naturelle ou paysage protégé au sens de la loi précitée du 18 juillet 2018 en raison de la richesse de ses ressources naturelles, de la diversité, la spécificité et la beauté de son aspect paysager ou de sa fonction récréative et de détente (…). Le Conseil communal estime que le „Turelbaacher Schlass“ est digne d’une protection nationale en raison notamment de son authenticité de la substance bâtie, de son aménagement, de sa rareté, de son exemplarité du type de bâtiment, et de son témoignage de l’immeuble pour l’histoire locale et régionale.“

Parallel zu dëser Demarche preparéiert sech d’Gemeng Mäerzeg op déi méiglech zukünfteg Aktivitéite mat senge Partner. Zesumme mam regionale Fierschter, de Beschäftegungsinitiative „CIGR Nord-stad“ a „Forum pour l’emploi“ gëtt de Site ënnerhal a gefleegt. De Leadergrupp Atert-Wark, mam interkommunale Syndikat Kanton Réiden als Chef de fil, si Virreider am Beräich „Slow Tourism“, wou de Site vill Méiglechkeete bitt. Den ORT-Guttland an den Tourist InfoPoint Atert-Wark sinn do d’Partner vun der Gemeng, wou kuerzfristeg schonn ee klengen Themewee ronderëm de Site iwwert d’Wierk vum Pol Gilson ausgeschafft ka ginn. Donieft besteet d’Méiglechkeet, fir „Ateliers pédagogiques“ anzeriichte mat z.B. engem klenge Musée iwwert d’Mäerzeger Geschicht an iwwert de Mäerzeger Steen. Kuerzfristeg wëllt d’Gemeng och d’Turelbaacher Quell a Stand sëtze, wou aktuell schonn éischt Etuden an Optrag gi gi sinn. Mam Naturschutzsyndikat SICONA engagéiert sech d’Gemeng och Projeten ëmzesetzen am Sënn vun der ökologescher Nohaltegkeet an dem Erhale vun der Biodiversitéit.

Pol Gilson

vum Anny Gilson-Schaack

Pol Gilson, geboren am 22. Januar 1931, stammte aus einer Steinhauer Familie, was auch sein handwerkliches und artistisches Talent erklärt. Als Gemeindesekretär arbeitete er in Mertzig, Heiderscheid und Colmar-Berg. Neben seiner Liebe zur Blasmusik erfüllte er sich einen Jugendtraum, ein Haus zu bauen auf einer Insel. Er kaufte 1964 eine 5ha große, sumpfige Wiese in einer Waldeslichtung an der „Turelbaach“ gelegen zwischen Dellen und Mertzig, Gemeinde Grosbous. Nach einem selbstentworfenen Plan begann er sich seinen Traum zu erfüllen (Genehmigung 31.12.1964). Der Bau sollte 1973 einem Brand zum Opfer fallen. Mit Hilfe von Familie und Freunden wurde der Neubau (Genehmigung 17.04.1973) begonnen aus Martelinger Schiefersteinen, aus Mertziger Sandgestein der umliegenden Steingruben, aus gewesenen Grabsteinen, die ansonsten auf Schutthalden gelandet wären. Jeder einzelne Stein wurde nach seinem Gutdünken behauen. Mauerwerk, Dachgebälk, Holzarbeiten, Fliesenlegen, farbige Glasfenster usw., alles wurde in Eigen-
arbeit während 40 Jahren bewältigt. 1968 baute er den über 100 Jahren alten Damm (Genehmigung 03.12.1968) wieder auf und schuf so einen herrlichen See mit einer Tiefe von 1 bis 6 Meter. Das „Turelbaacher Schlass“, ein Haus auf einer Insel war geboren, natürlich mit Fallbrücke und Bootshafen. Über 40 Jahre und vielen Stunden Groß- und Kleinarbeit hat Pol Gilson seinen Traum wirklich gemacht. Große Musikfeste und Familienfeiern wurden abgehalten. In- und ausländische Filme wurden gedreht. Tausende Fotos, zuletzt mit Drohnen, wurden gemacht, die vielen Hochzeitfotos nicht zu vergessen. Bis vor seinem Tod, im Juli 2007, hat er nie aufgehört an seinem Traumhaus auf einer Insel zu arbeiten.

Publications

Aller au contenu principal