Projet « BioMax »

D‘Gemeng Mäerzeg huet sech 2017 dofir entscheed, fir beim „Natur genéissen Projet“ vum Naturschutzsyndikat SICONA matzemaachen. Si verpflichten sech domat, een Undeel vun 13% vun hirem Budget fir Liewensmëttel fir den Akaf vun Natur genéissen Produitenauszeginn.

Dernieft solle regional a saisonal hiergestallte Produiten, entweder auskonventioneller oder biologescher Produktioun, de Virrang beim Akaf hunn. Zousätzlech musse mindestens 30% Bio Produiten akaaft ginn. Eng gesond, regional a saisonal Ernärung spillt eng wichteg Roll an der Entwécklung vun de Kanner, fërdert den Ëmwelt-aKlimaschutz a reduzéiert den ekologesche Foussofdrock.

Enn 2022, Ufank 2023 huet d‘Gemeng am Kader vun LEADER Projet „Mertzig4all“, wou Mäerzeg als éischt Gemeinwohlökonomie-Gemeng zu Lëtzebuerg zertifiéiert ginn ass (www.ecogood.org), dunn décidéiert nach een Schrëtt weider ze goen an d’Laat, grad beim Akaf vun de Bio Liewensmëttel, bei der Ëmsetzung vun „Natur genéissen“an hirer Gemengnach méi héich ze setzen. Esou ass d’Iddi fir de Projet « BioMax » enstaanen, well et der Gemeng Mäerzeg besonnech wichteg ass, dass d’Kanner aus der Crèche an der Maison Relais vun enger gesonder an nohalteger Ernärung profitéiere kënnen.

D’Gemeng, d’Responsabel vun der Maison Relais an der Crèche, wéi och déi Responsabel vum Prestataire « Dussmann » a SICONA hunn d’Käpp zesumme gestréckt an hunn gemeinsam gekuckt, wéi een de Projet « BioMax » mam Projet « Natur genéissen » verbanne kann. Eraus koum eng Upassung un d‘“Natur genéissen“ Laaschtenheft, déi als Avenant vum Schäfferot ënnerschriwwen an eestëmmeg vum Gemengerot gestëmmt gouf.

Zil vum Projet « BioMax » ass et, esouvill wéi méiglech biologesch Liewensmëttel anzekafen (minimum 50%). D’Regionalitéit an d‘Saisonalitéit sollen heibäi nach ëmmer respektéiert ginn, genee wéi och d‘Prozenter beim Akaf vun den„Natur genéissen“ Produiten. An enger éischter Testphas huet d‘Kichepersonal gewise wat se kënnen an hunn sech mat neie Produiten ausernee gesat an hiren Akaf ugepasst. Esou hunn si et gepackt schonn am Mount Mäerz 72% vun hirem Liewensmëttelbudget fir Bio-Liewensmëttel auszeginn. Et kann ee gespaant si wéi dëse Projet sech an d‘Zukunft wäert weiderentwéckelen.

Méi Infoen iwwert den Naturschutzsyndikat SICONA an Natur genéissen fannt Dir op www.sicona.lu. Weider Infoen zum LEADER-Projet „Mertzig4all“ ginn et hei.

v.l.n.r. : Sébastien Jacob, Mylène Ritz, Françoise Reuter (Dussmann), Mike Poiré (Gemeng Mäerzeg, Buergermeeschter), Gilles Altmann (Sicona), Elisabeth Mariany (Biovereenegung), Daniela Noesen (Biovereenegung), Stefano D’Agostino (Gemeng Mäerzeg, Schäffen), Isabelle Elsen-Conzemius (Schäffin bis Okt. 2023), Marc Thuau (Dussmann).
Aller au contenu principal