
An Zesummenaarbecht mat der lëtzebuergescher Firma Totenhopfen Brauhaus hu mir am Kader vum Télévie eng limitéiert Editioun Craft Beer produzéiere gelooss déi Dir ab elo bei eis kënnt virbestellen.
Erklärung: An easy drinking and well balanced India Pale Ale with a very pleasant floral, citric and honey aroma. It pours gold with a creamy foam and has a rich flavor that turns smoothly into a dry and bitter end.
Alkoholgehalt: 6,7%
Präis: 4 € pro Béchs oder 88 € de Plateau (22+2 GRATIS)
Wann Dir Interesse um Béier hutt, da fëllt eis wgl. dëse Formular aus an iwwerweist d’Suen mam Vermierk „Béier an Ärem Numm op de Kont vum „Centre de promesses Mäerzeg“: CCRA LU60 0099 7814 7024 0431
(Opgepasst! Et kënne just déi Virbestellunge berécksiichtegt ginn, wou och d’Suen iwwerwisen sinn!)
Den ausgefëlltene Formular (PDF) ass u folgend Adress ze adresséieren:
Administration communale de Mertzig
22, Rue Principale L-9168 Mertzig
oder per Email un:
De Béier kënnt Dir ab dem 7. Mäerz 2022 bei eis ofhuelen.
D’Unzuel ass leider begrenzt, dofir zéckt net an ënnerstëtzt d’Fuerschung géint de Kriibs!