Version française du texte dans le document à télécharger // voir ci-dessous / pages 7-12
Haaptstrooss a nei Schoul – Maison Relais
Den éischten Drëttel vum Chantier bei der Kierch an der aler Schoul ass ofgeschloss. D’Entreprise L- travaux (Lehnen Gruppe) ass aktuell amgaangen, tëscht der Rue de École an der Bréck op der Haaptstrooss den Trottoir an déi nei Parkplazen unzeleeën. Ab Mëtt Juli gëtt och d’Säit vun der neier Schoul ugepaakt.
Fir d’Aarbechten méi séier virunzebréngen, gouf an Ofsprooch mat der Verwaltung vun de „Ponts & Chaussées“ festgehalen, wärend der Schoulvakanz, also vum 16. Juli bis de 14. September 2026, ënner Vollspärung ze schaffen. Eng Ëmleedung gëtt iwwer d’Rue de l‘École, d’Viichterstrooss an d’Méchelbucherstrooss ageriicht. Nëmme wärend dem Congé collectif (vum 31. Juli bis den 24. August 2026) leeft den Trafic erëm wéi gewinnt iwwert d’Haaptstrooss a gëtt mat roude Luuchte gereegelt. „Ponts & Chaussées“ wäert wärend dësem Zäitraum eng groussraimeg Ëmleedung fir de Schwéiertransport ariichten.
Wann alles no Plang verleeft, gëtt bis spéitstens de 14. September 2026 déi lescht Schicht Makadamm agebaut, an den Trafic kann erëm gréisstendeels normal iwwer d’Haaptstrooss gefouert ginn.
Och wann d’Aarbechten nach bis an den Oktober/November weider ginn, handelt et sech dann haaptsächlech ëm kleng Ofschlossaarbechten, déi kee gréisseren Impakt op eng sécher Schoulrentrée hunn.
Wärend dem Rescht vum Chantier ginn och am betraffene Chantiersberäich temporär Iwwergäng ageriicht, fir et z’erméiglechen, d’Stroossesäit ze wiesselen. Dëst sinn awer keng offiziell Foussgängersträifen. Dofir biede mir Iech, prioritär d’Foussgängersträife bei der Bicherbox an op der Héicht vum Haus Nr. 11 ze benotzen.
Séchere Schoulwee
Am Kader vun der Rentrée am neie Schoulgebai an duerch déi vill Stroossechantieren, déi an de leschte Jore realiséiert goufen, gouf de séchere Schoulwee an Zesummenaarbecht mat de Schoulkanner, den Elteren an der Schoulcommissioun iwwerpréift an iwwerschafft.
Soubal déi aktuell Chantieren ofgeschloss sinn, gëtt de neie séchere Schoulwee markéiert an ausgeschëldert.
Mobilitéit fir jiddereen
D’„Mobilitéit fir jiddereen“ gëtt zu engem ëmmer méi wichtegen Thema. Si betrëfft net nëmmen d’Deplacementer am Alldag, mee dréit och zur Entwécklung vun enger méi inklusiver Gesellschaft bäi. D’Schwieregkeete beim Zougang zu ëffentlech zougängleche Plaze betreffen e groussen Deel vun der Bevëlkerung, dorënner Persoune mat enger Behënnerung (motoresch, sensoresch, mental oder kognitiv), Elteren oder Grousselteren mat enger Poussette oder och Persounen, déi op Mobilitéitshëllefe wéi Krécken ugewise sinn.
Eng gerecht Mobilitéit dréit domat dozou bäi, d’Autonomie vun all Mënsch ze stäerken, andeems en einfachen Zougang zu ëffentlechen Infrastrukturen, wichtege Servicer an de verschiddene Liewensraim garantéiert gëtt.
Am Aklang mam Gesetz vum 7. Januar 2022 iwwert d’Accessibilitéit fir jidderee vun ëffentlech zougängleche Plazen an ëffentleche Weeër, hunn d’Gemengen eng Frist vun 10 Joer ab dem Akraafttriede vum Gesetz (1.Juli 2023), fir hir ëffentlech Amenagementer un déi nei gesetzlech Ufuerderungen unzepassen.
An dësem Kontext ass d’Zil, d’Accessibilitéit vun de Points d’intérêt (POI), déi am Besëtz vun der Gemeng sinn, ze garantéieren. Dozou gehéieren ëffentlech Ariichtungen ewéi Gemengegebaier (Atelieren, Gemengenhaus), Schoulinfrastrukturen, sportlech a kulturell Ariichtungen, souwéi aner Equipementer, déi fir d’Ëffentlechkeet zougänglech sinn.
D’Gemeng Mäerzeg huet dowéinst eng Etüd an Optrag ginn, fir d’Gemengegebaier an hir zougehéiereg Bausseberäicher, Fräizäitberäicher an aner ëffentlech zougänglech Plazen ze analyséieren a Léisungsvirschléi auszeschaffen.
Busarrêten
Am Kader vun der „Mobilitéit fir jiddereen“ ginn all eis Busarrête konform gestalt. Den éischten Arrêt gouf schonn am Kader vum Chantier an der Méchelbucherstrooss nei amenagéiert.
Aktuell ginn am Kader vum Chantier op der Haaptstrooss d’Arrêten „Gemeng“ a „Kierch“ konform gestalt.
Fir déi lescht zwee Busarrêten „Internat“ a „Wechen“ gouf rezent eng ëffentlech Ausschreiwung gemaach. D’Aarbechten starten Ufank September a ginn vun der Entreprise Rinnen ausgefouert.
Méchelbucherstrooss
An enger drëtter a leschter Phas gëtt eng Verkéiersberouegung agefouert, mat der Aféierung vun enger 30er-Zon am Beräich tëscht der Kräizung Méchelbucherstrooss / Rue de Vichten an der Haaptstrooss. Dëse Projet gëtt an Zesummenaarbecht mat „Ponts & Chaussées“ ëmgesat. D’Aarbechte, déi och ëffentlech ausgeschriwwen hu misste ginn, gi vun der Entreprise AlphaBau ausgefouert a fänken Enn September un fir am Wanter ofgeschloss ze ginn.
Rue Zechel / Butzebierg
D’Aarbechten an der „Zechel“ an um „Butzebierg“ sinn an der Endphas. Fir de Congé collectif (31. Juli 2026) ass de Butzebierg wéi virgesinn am Sens unique reglementéiert. Nom Congé collectif (24. August 2026) ass de Butzebierg, fir d’Aarbechten ofzeschléissen, ganz gespaart. Déi temporär Ophiewung vum Sens unique an der Zechel gëtt mat der Finalisatioun vun den Aarbechten dann nees opgehuewen. Enn September soll dëse Chantier definitiv ofgeschloss ginn.
PAP Rue de Dellen – Bezuelbare Wunnraum
D’Entreprise „Peters Smart Group“ baut de Moment déi eenzel Haiser. Den Delai fir kënnen en Dossier eranzereechen ass bis den 1. November 2026 verlängert ginn, dat nodeems vun den initial 11 Kandidaturen der just 3 konnten zeréckbehal ginn. Aktuell stinn also erëm 3 Haiser fräi zum Verkaf, mat engem Bail emphytéotique um Terrain. D’Haiser ginn an de nächste Méint schlësselfäerdeg gebaut. De Projet soll bis Enn 2027 komplett ofgeschloss sinn.
Industriezon
Den Accès an d’Industriezon ass op der Héicht vun der Entreprise CLK nei amenagéiert ginn. Dësen ass esou ausgeluecht ginn, datt och de Schwéiertransport aus der Industriezon a Richtung Feelen erausfuere kann, ouni op déi aner Fuerspuer ze geroden. Fir de Foussgänger och an der Industriezon méi Plaz ze ginn, gëtt an enger Testphas een Trottoir mat Marquage ugeluecht. Fir d’Verkéierssituatioun an der Zon ze verbesseren gëtt an dëser Phas, no Ofsprooch mat den Entreprisen, och e Sens unique agefouert. Dëse geet vun der Tankstell aus a Richtung vun der nei amenagéierter Ausfaart. Fir Mëtt Juli gëtt déi lescht Schicht Makadamm agebaut. De Marquage an d’Upassung vum Verkéiersreglement mam Sens unique soll da bis Enn Juli gemaach sinn.
Foussgängerbrécken
Déi zwou Foussgängerbrécken iwwert d’Waark an der Rue de l’École an an der Rue de la Wark sinn an engem schlechten Zoustand a gi komplett erneiert. Den Ausschreiwungsdossier ass an der Maach an d’Autorisatioune sinn ugefrot.
Naturnoe Schoulhaff
Am Kader vum Concours „Méi Natur an eise Stied an Dierfer“ vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit huet d’Gemeng Mäerzeg an der Kategorie „Schoulhaff“, wéi scho matgedeelt, den 1. Präis kritt wou mir eis besonnësch op déi finanziell Ënnerstëtzung vun enger halwer Millioun Euros freeën. Den Ausschreiwungsdossier ass an der Maach. De neie Schoulhaff entsteet hannert dem Centre Turelbaach an der aktueller Sportshal. D’Container déi zënter 2018 gelount sinn ginn elo ab Oktober ofgebaut. De Gemengerot huet an der Sitzung vum 26. Juni 2026 de Projet mam Devis (1,7 Millioune €) unanime gestëmmt, sou dass dëse ka fir September ausgeschriwwe ginn. De Chantier fänkt dann am Prinzip Ufank 2027 un a soll fir d’Rentrée 2027/28 fäerdeg sinn.
Nei Sportshal
D’Gemeng Mäerzeg investéiert maximal a geet nei Weeër fir de Bau vun der neier Sportshal beim naturnoe Schoulhaff ze plangen. Dank enger Investissiounsfirma gi mir op de Wee vun engem „Private Public Partnership“ (PPP) wou aktuell eng Konventioun opgestallt gëtt. Den Innen- a Sportsministère begleeden d’Gemeng an dëser Démarche. Den Avant-projet ass an der Maach, fir en dann an engem partizipative Prozess mat de Veräiner ze finaliséieren. Wann alles no Plang verleeft, kéint de Bau vun der neier Sportshal dann och 2027 um Terrain nieft dem neie Schoulhaff ufänken, kombinéiert mat enger Bréck iwwert d’Turelbaach op Héicht vun de Vestiairen fir d’Fussballinfrastrukturen mat der neier Sportshal ze verbannen.
Turelbaacher Schlass
De Naturschutzsyndikat SICONA huet d’Aarbechten am Kader vun der zukünfteger „Réserve naturelle“ geschwënn ofgeschloss. D’Prozeduren am Kader vun der Gemengegrenz wéi och der Renovatioun vum Schlass am Kader vum Tourismusprojet brauche nach Zäit. D’Gemeng huet awer schonn, an Zesummenaarbecht mam INPA (Institut national pour le patrimoine architectural) a no de néidegen Autorisatiounen, engem spezialiséierten Daachdeckerbetrib am Denkmalschutz (Metty Weyrich & Fils) den Optrag ginn fir een Deel vum Daach ze restauréieren. Déi Aarbechten sinn amgaang.
Rue de Vichten / Gaass
D’POST Telecom SA huet de Glasfaser an der „Gaass“ geluecht. Dës Aarbechten ware méi opwänneg an d’Strooss huet missten opgerappt ginn. D’Pavés vun der Fuerbunn hunn der Gemeng ëmmer vill Suerge gemaach well se permanent op ville Plazen futti waren. D’POST Telecom SA huet der Gemeng proposéiert fir d’Fuerbunn mat Makadamm ze erneieren. Ënnert der Konditioun dass den historesche Pavé an der Mëtt vun der Strooss erhale bleift, huet d’Gemeng den Optrag ginn fir d’Fuerbunn esou ze erneieren. D’POST Telecom SA huet d’Halschent vun de Käschten iwwerholl. Op allgemeng Nofro war et och d’Geleeënheet, puer Verkéiersberouegungen ze maachen.
Merci fir d’Ënnerstëtzung, d’Verständnis an d’Gedold. Mir gesinn un d’Enn vun de grousse Chantieren an der Ëmsetzung vun eisem politesche Programm.
De Schäfferot mat de Gemengenservicer