Spärung vun der Haaptstrooss, 10.-11. September 2026
Aktuell sinn zwee Chantieren am Zentrum vu Mäerzeg:
• d’Ëmgestaltung vun der neier 30er-Zone op der Haaptstrooss virun der neier Schoul;
• d’Ëmgestaltung an d’Upassung vum Busarrêt op der Héicht vum Internat.
Beim Chantier vum Busarrêt Internat mussen en Donneschdeg, 10. September 2026, Virbereedungsaarbechte gemaach ginn. D'Strooss ass deen Dag ab 7:00 Auer an deem Beräich komplett fir de gesamte Verkéier gespaart.
Den Abau vum Makadamm op béide Chantieren ass fir de Freideg, 11. September 2026 geplangt.
Déi zwee betraffe Stroossestécker, déi am Plang hei drënner gréng markéiert sinn, ginn ab 5:00 Auer moies fir de gesamte Verkéier gespaart. D’Stroosse ginn erëm opgemaach, soubal d’Aarbechten ofgeschloss sinn a nodeems d’Verwaltung vun de „Ponts et Chaussées“ d’Strooss erëm fir de Verkéier fräigëtt.
Mir bieden Iech dofir, entspriechend Virsiichtsmoossnamen ze treffen an Är Gefierer viru 5:00 Auer moies ausserhalb vun de betraffene Beräicher ze parken. D’Ëmleedung am Duerfzentrum (blo um Plang) wäert gréisstendeels wéi bis elo erfollegen.
De wichtegsten Ënnerscheed ass, datt d’Zirkulatioun a Richtung Feelen fir de gréissten Deel vum Duerf net méi iwwer d’Haaptstrooss méiglech wäert sinn, soulaang d’Strooss gespaart ass. Méiglech Ëmwëer sinn iwwer d’„Rue de Merscheid“ oder d’„Rue de Colmar-Berg“.
D’Verwaltung vun de „Ponts et Chaussées“ wäert eng Ëmleedung iwwer di folgend Streck ariichten, fir de Verkéier ëm Mäerzeg ze féieren:
• Feelen → Heischent/Mëtscheed → Groussbus
• Groussbus → Heischent/Mëtscheed → Feelen
Mir soen Iech Merci fir Äert Verständnis an Är Gedold wärend dësen Aarbechten.
De Schäfferot mat de Gemengenservicer
Version française dans le document à télécharger: pages 3-4