Actualités

ŠKODA TOUR DE LUXEMBOURG 2026

1. Etapp – 16. September 2026
D’Gemeng Mäerzeg informéiert dass déi 1. Etapp vum „Škoda Tour de Luxembourg 2026“ de Mëttwoch, 16. September 2026 och duerch eis Gemeng féiert.
D’Course kënnt vu Feelen a Richtung Méchelbuch duerch Mäerzeg. Déi genee Zäit vum Passage hänkt vun der Vitess vun de Cyclisten of. Laut dem Organisator ass de Passage ongeféier tëscht 17.00 an 17.20 Auer virgesinn.

De betraffene Parcours gëtt no der Duerchfaart vun der Police, géint 16.20 Auer, fir de gesamte Verkéier gespaart.

D’Stroossespärung bleift während dem Passage vun der Course bestoen. Et ass virgesinn, de Parcours géint 18.00 Auer nees fir de Verkéier opzemaachen.
D’Awunner, déi vun dëser Spärung betraff sinn gi gebieden hir Trajete rechtzäiteg ze plangen an eventuell néideg Faarte virun der Spärung ze maachen.


4. Etapp – Individuellt Zäitfueren – 19. September 2026

Dat individuellt Zäitfueren vum „Škoda Tour de Luxembourg 2026“ fënnt de Samschdeg, 19. September 2026 och um Territoire vun eiser Gemeng statt.
D’Epreuve féiert iwwer e Parcours Ettelbréck – Ettelbréck, ënner anerem iwwer Welsdref, Colmer-Bierg, Méchelbuch a Mäerzeg.

Vun de Stroossespäre betraff sinn:
• D’Méchelbucherstrooss, vu Méchelbuch aus bis op d’Kräizung Collette’s Päsch;
• D’Strooss Collette’s Päsch;
• D’Strooss Colmer-Bierg, ab der Kräizung Collette’s Päsch.

Als Konsequenz vun dëse Stroossespären ass och d’Strooss Um Hinfert wärend dem Laf vun der Kompetitioun ofgeschnidden.

De ganze Parcours gëtt ab 14.30 Auer fir de Verkéier gespaart.
Fir d’Opstelle vun de Sécherheetsdispositiounen an de Barrièren ze erméiglechen, kënnen eenzel Strecken och schonn ab 13.30 Auer gespaart ginn.
D’Awunner déi vun de Späre betraff sinn gi gebieden hir Trajete rechtzäiteg ze plangen an déi néideg Virbereedungen ze treffen, ier d’Stroosse gespaart ginn.


Wärend der Kompetitioun ass den Accès zu de betraffene Stroossen net méiglech!

Virleefeg Zäiten:
• Éischten Depart: géint 15.50 Auer;
• Depart vum leschte Coureur: 18.00 Auer;
• Arrivée vum leschte Coureur: géint 18.30 Auer.

Dës Zäite sinn indikativ a kënnen ofhängeg vum Verlaf vun der Epreuve an der Unzuel vun de Participanten nach ugepasst ginn.
D’Gemeng Mäerzeg biet d’Awunner, déi vun dëse Moossname betraff sinn, d’Beschëlderung an d’Uweisunge vun den zoustännegen Agente fir de Verkéier an d’Sécherheet ze respektéieren.

Mir soen Iech Merci fir Äert Verständnis, Är Gedold an Är Zesummenaarbecht bei dësem sportlechen Evenement wat och live op der Tëlee iwwerdro gëtt.

-> Version française pages 4-6 du PDF