An Zesummenaarbecht, a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun de 4 Leader-Regiounen (Atert-Wark, Éislek, Mëllerdall a Lëtzebuerg West) huet d’ASBL Autisme Luxembourg vu Biekerech am Januar 2020 en ambitiéisen an innovative Projet initiéiert, de Projet ARNU: „Archives régionales numérisées“. D’Zil vun dësem Projet ass d’Erhale vum kulturellen an historeschen Ierwen duerch Digitaliséierung an Indexéierung vun Dokumenter fir all Mënsch den Zougang zu dësen Ënnerlagen iwwer eng digital Plattform ze garantéieren.