Formatioun Animateur Brevet A – Nordstadjugend

De Brevet A soll déi Jonk drop preparéieren Kanner oder Jonker wärend enger Fräizäitaktivitéit  (ouni Iwwernuechtung) an ënner Opsicht vun engem Verantwortlechen ze betreien. Den Animateur ënnerstëtzt e Verantwortleche  bei enger Aktivitéit mat Kanner oder Jugendlechen. Am festgeluechten a zäitlech  begrenzte Programm plangt a leet den Animateur eegestänneg eng bestëmmten Aufgab.

Programm:
D’Ausbildung besteet aus 30 Stonnen Theorie an 20 Stonne Stage, déi zu engem spéideren Zäitpunkt am Jugend- oder Kannerberäich mussen absolvéiert ginn.

Am Mëttelpunkt vun dëser Ausbildung stinn:

• Grondkenntnisser vun der Betreiung vu Kanner a Jugendlechen
• Opbau an Emsetzung vun Aktivitéiten
• Verantwortung vum Betreiungspersonal
• Sécherheet während Aktivitéiten 


Typesch Asazplazen:

• Fräizäitaktivitéite wärend  der Summervakanz, déi vun de  Gemengen oder Maison Relais organiséiert ginn.
• Fräizäitaktivitéiten an a mat de Jugendhaiser, sief dat an de Vakanzen oder Weekends.

Eckdaten:

  • 11.04.2023 – 14.04.2023
  •  Treffpunkt um 8.00 zu Miedernach am Centre AREND-FIXMER (33, rue de Larochette, L-7661 Medernach)
  • Participatioun: 100€
  • mat 3 obligatoreschen Iwwernuechtungen am Centre Arend-Fixmer

Umeldung

https://2023.nordstadjugend.lu/umeldung-brevet-a.html

Info

Nordstadjugend

7, avenue de la gare

L-9233 Diekirch

Tel.: (+352) 80 91 65 – 21

Email: koordinatioun@nordstadjugend.lu

www.noju.lu

Aller au contenu principal