Een Energiespuer-Set fir all Stot aus der Gemeng
Energie spueren? D’Gemeng Mäerzeg mécht mat an offréiert all Stot een Energiespuer-Set fir beschtméiglech Energie bei sech doheem ze spueren.
De gratis Energiespuer-Set (1 Set pro Stot) kann ab dem 30. Januar 2023, am Austausch géint den ausgefëllten an ënnerschriwwene Bong, deen Dir dës Woch an Ärer Boîte konnt fannen, ofgeholl ginn.
D’Aktioun fënnt bis den 31. Mäerz 2023 statt. Merci fir d’Matmaachen.