Télévie // Sport – Stee

Am Kader vum Télévie fënnt vun haut bis den 02. Mee 2022 eng Stee statt. Versteet ginn verschidden Objeten vu lëtzbuergesche Sportler! 

D’Mindestgebot fir all Objet läit bei 100€. Een Update vun de Präiser man mir all Dag an dat bis den 02. Mee!

Wann Dir interesséiert sidd fir bei dëser Stee mat ze maachen,  schéckt eis w.e.g Är Offer mat der Nummer vum Objet,  Ärem Numm a Virnumm, Ärer Adress an Telefonsnummer per E-Mail op televie@mertzig.lu

Wann Dir den Héchstbiddende sidd, da gitt Dir vun eis kontaktéiert a kënnt dann, nodeems Dir de Montant op de Kont vum Centre de promesses Mäerzeg CCRA LU60 0099 7814 7024 0431 iwwerwisen hutt, den Objet de 7. Mee um Télévie-Dag ofhuelen.

04/05/2022 – Car-Wash & After-Work

Am Kader vum Télévie invitéiert de « Centre de Promesses – Maërzeg » mëttwochs, de 04. Mee 2022 op hire

Car-Wash & After-Work

Car-Wash

  • Ab 16h00 um neie Parking hannert der Gemeng
  • D’Kanner aus der Maison Relais ënnerstëtzen dës Aktioun
  • Präis: 15 € (Bezuelen op der Plaz: Cash / Payconiq / Bancomat

After-Work

  • Ab 16h00 um neie Parking hannert der Gemeng
  • Fir lessen & Gedrenks suergen de Club des Jeunes Mäerzeg & den Tennis-Club vu Biissen

Tarte Flambée / Take away

  • Ab 16h00 um neie Parking hannert der Gemeng
  • Präis: 10 € (Bezuelen op der Plaz: Cash / Payconiq / Bancomat
  • Bestellen bis den 02/05 per Mail: televie@mertzig.lu oder Telefon: 83 82 44 – 1

 

Carwash_Flyer

Télévie // Stee – Vente aux enchères

Informations générales

Am Kader vum Télévie fënnt vun haut bis den 29. Abrëll 2022 eng Stee statt. 

Wann Dir interesséiert sidd fir bei dëser Stee mat ze maachen, kënnt Dir de Formulaire op eisem Internetsite eroflueden. Dëse fëllt Dir aus a schéckt en op televie@mertzig.lu oder per Post un d’Gemeng. 

All Mëttwoch, an dat bis den 29. Abrëll 2022, deele mir Iech op eiser Homepage, Facebook an Instagram den aktuellste Stand vun der Stee mat. 

Wann Dir den Héchstbiddende sidd, da gitt Dir vun eis kontaktéiert a kënnt dann, nodeems Dir de Montant op de Kont vum Centre de promesses Mäerzeg CCRA LU60 0099 7814 7024 0431 iwwerwisen hutt, den Objet de 7. Mee um Télévie-Dag ofhuelen.

Dans le cadre du Télévie, une vente aux enchères aura lieu d’aujourd’hui jusqu’au 29 avril 2022. 

En cas d’intérêt de participer, veuillez remplir le formulaire, téléchargeable sur notre site internet. Vous pouvez envoyer le formulaire par e-mail à televie@mertzig.lu ou par post à la commune. 

Chaque mercredi, jusqu’au 29 avril 2022, on vous informe sur le montant actuel de l’offre. (Homepage, Facebook, Instagram) 

Si vous êtes le meilleur enchérisseur, on va vous contacter et l’objet peut être retiré le 7 mai dès que l’argent a été viré sur le compte du centre de promesses Mertzig CCRA LU60 0099 7814 7024 0431.

Objets

Dernière mise jour: 27/04/2022

Presale // Télévie – Socks

D’Muster vun de Strëmp ass wéi op dëser Illustratioun.

An Zesummenaarbecht mat der Firma Dirty Socks hu mir am Kader vum Télévie eng limitéiert Editioun vu Strëmp entwerfe gelooss, déi Dir ab elo bei eis kënnt virbestellen.

Wann Dir Interesse un dëse Strëmp hutt, da fëllt eis wgl. de Formular (online oder PDF) aus an iwwerweist d’Suen (13€ / Puer) mam Vermierk „Strëmp an Ärem Numm op de Kont vum „Centre de promesses Mäerzeg“:

CCRA LU60 0099 7814 7024 0431

(Opgepasst! Et kënne just déi Virbestellunge berécksiichtegt ginn, wou och d’Suen iwwerwisen sinn!)

Den ausgefëlltene Formular (PDF) ass u folgend Adress ze adresséieren:

Administration communale de Mertzig
22, Rue Principale
L-9168 Mertzig

oder per Email un:

televie@mertzig.lu

D’Strëmp wäerte mir Iech dann Enn Mäerz zoukomme loossen. D’Unzuel ass leider begrenzt, dofir zéckt net an ënnerstëtzt d’Fuerschung géint de Kriibs.

Commande

A télécharger: Formulaire de commande / PDF

Aller au contenu principal