- Cet évènement est passé.
Informatiounsversammlung Télévie 2022

Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger,
Samschdes, de 7. Mee 2022 mobiliséiert sech ganz Lëtzebuerg erëm fir den Télévie an d’Gemeng Mäerzeg ass deen Dag en Télévie-Zenter.
Duerfir invitéiere mir all Veräiner, Associatiounen, d’Schoul, d’Maison Relais, oder soss Ententen a Clibb, an natierlech d’Awunner aus der Gemeng, sech solidaresch ze weisen a sech mat der Gemeng un dëser Aktioun ze bedeelegen.
Eng Informatiounsversammlung ass en Donnëschdeg, 18. November 2021 um 19:00 Auer am Centre Turelbaach zu Mäerzeg mam Diane Wunsch, Coordinatrice vum Télévie a Patrick Greis vum RTL.
Et wier schéin Iech do begréissen ze kënnen, fir datt mir zesummen e flotte Programm opstellen. Ween also eng Idee huet fir eng flott Aktioun, soll se deen Owend roueg matbréngen.
Umellen kënnt Dir Iech iwwer E-mail un population@mertzig.lu oder iwwer Telefon um 83 82 44 – 1. D’Evenement fënnt ënnert dem CovidCheck Regime statt.
Gitt der Hoffnung eng Chance an maacht mat beim Télévie.
De Schäfferot