Chargement Évènements

« Tous les Évènements

  • Cet évènement est passé

Concert Cojellico’s Jangen

7/11/2021 @ 17:00 - 20:00 CET

– EISCHTE CONCERT NOM LOCKDOWN –

D’Cojellico’s Jangen trieden de 07. November 2021 um 17h00 am Centre Turelbaach op.

Umelden kënnt Dir Iech bis de 29. Oktober, iwwer inscription@mertzig.lu oder zu de Büroszäiten um 83 82 44 – 1.

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. D‘Entrée kascht 25€.

De Concert ass een Covid Check Evenement an d’Plaze si limitéiert.

_____________________________________________________________________________________________________________________________________

Erënnerungen

D’Jangen waren frou mam Amélie a mam Wirsch. Nieft all deene sympatheschen, gelungenen, schéinen a manner gelongenen Dammen hunn d’Jangen och en Häerz fir dat männlecht Geschlecht. Am neie Programm geet et ënnert anerem ëm Männersuergen am Alldag. Et geet ëm de Litty. Et geet ëm de Moltonaso. Et geet ëm eng vergaangen, schéin Zäit. Et geet ëm Erënnerungen.

 

Lëtzebuerger ‚Schlager’ am Stil vun de Comedian Harmonists

D’Cojellico’s Jangen, dat si sechs befrënnte Museker, déi sech zesumme gestallt hunn, fir d’Musek aus de ‚Wëllen Zwanzeger Joeren’ mat hire frivol-witzegen Texter a Geschichten opliewen ze loossen. Am allerléiwste mat neien Arrangementer vu Lëtzebuerger Stëmmungslidder a ‚Schlager’ wéi Manyla oder Dem Wirsch seng Wueden, mat ongehéierten, onerhéierte Lidder ronderëm d’Spëtzbouwe Poutty Stein, Jempy Welter, Sepp Thill & Co. a mat eegene Kompositiounen am Stil vun der Zäit. Stëmmungsvoll, geselleg, usprochsvoll an zougänglech zugläich.

 

Et sangen a spillen:

1.Tenouer – Raymond Majerus, 2.Tenouer – Arend Herold

3.Tenouer – Georges Urwald

1.Bass – Carlo Migy, 2.Bass – Jean-Marie Kieffer

Piano – Christophe Nanquette

Gaascht-Jang – Yvon Streff

www.jangen.lu

 

Détails

Date :
7/11/2021
Heure :
17:00 - 20:00 CET

Lieu

Centre Turelbaach
22 Rue Principale
Mertzig, 9168 Luxembourg
+ Google Map
Aller au contenu principal