Nordstad Aktiv+ – Brochure Nr. 78

Destinés aux seniors de notre région, le club Nordstad Aktiv+ est polyvalent et offre aux personnes âgées une panoplie d’activités diversifiées. Découvrez dès maintentant la version actuelle de la brochure.
 

De Club Nordstad Aktiv+ offréiert eisen eelere Matbierger aus der Regioun eng grouss Auswiel u verschiddenen Aktivitéiten. Entdeckt elo déi aktuell Versioun vun der Broschür.

Brochure

Virwuert vun eisem Buergermeeschter

Léif alleguer,

D’ganz Equipe vum “Nordstad Aktiv+” schafft dagaus, dagan fläisseg a mat vill Passioun fir iech ëmmer erëm een immens ofwiesslungsräichen a breetgefächerten Aktivitéitsprogramm fir déi 9 Membergemengen ze proposéieren: Ausflich a Reesen, Bildung a Kultur, Beweegung a Sport, Berodung an Informatioun, Gesellegkeet, Kreativitéit, Lifelong-Learning, Gesondheet a Wellness, a villes méi. A si maachen dat alles fir iech alleguer. Maacht mat, well et ass wichteg heiansdo ofzeschalten, op aner Gedanken ze kommen, léiwe Leit ze begéinen a schéi Momenter ze verbréngen.

Zu Mäerzeg si mir frou dass déi vill Chantieren no Plang verlafen. Een dovunner ass eis „Al Schoul“ vis-à-vis vun der Kierch. Do si mir elo geschwënn definitiv fäerdeg a mir wëllen Enn vum Joer eng kleng Aweiung a Porte ouverte organiséieren. Déi „Al Schoul“ ass elo eist „Haus fir jiddereen“, e „Bierger- a Veräinshaus“ oder och nach eis „Maison du Bien commun“.

De participative Prozess wou all d’Veräiner an déi ganz Bevëlkerung agebonn waren huet erginn, dass an dësem Haus een Treffpunkt am Duerfkär entsteet wou en ofwiesslungsräiche Programm op d’Been gestallt gëtt deen d’Veräiner fir hir Memberen an d’Gemeng fir jiddereen zesumme gestalten.

Do ass z.B. de Café créatif vun der A’Musée Asbl, eng gemittlech Plaz fir ze schwätzen, ze bastelen an der Kreativitéit fräie Laf ze loossen. Trei dem Motto: Näischt gëtt verschwend, alles ass nëtzlech! Duerch „Upcycling“ kréie Saachen a Materialien do een zweet Liewen! De Café créatif ass zënter dësem Joer schonn aktiv, gëtt och ënnerstëtzt vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil a bitt all Dënschdeg an Donneschdeg e wonnerschéine Kreativraum wou jiddereen ka matmaachen. Regelméisseg gëtt de Café créatif och kombinéiert mam „Repair Café“ wou Dir alles méigleches gratis gefléckt kritt.

D’Gemeng Mäerzeg engagéiert sech elo scho puer Joer am Kader vum Projet #mertzig4all fir d’Gemeinwohlökonomie. Dësen alternative Wirtschaftsmodell huet sech zum Zil gesat, de Mënsch an d’Ëmwelt an de Mëttelpunkt ze stellen. Alles dréint sech em d’Wäerter wéi Mënschewierd, Nohaltegkeet, Solidaritéit, sozial Gerechtegkeet, demokratesch Matbestëmmung an Transparenz. De Projet an der „Aler Schoul“ orientéiert sech no dëse Wäerter.

Merci fir Är Begeeschterung an Ënnerstëtzung a bis geschwënn,

Mike Poiré

Buergermeeschter vun der Gemeng Mäerzeg

 

Aller au contenu principal