Luxembourg Song Contest 2024

D’Gemeng Mäerzeg ass houfreg dass d’Christine Heitz vu Mäerzeg, alias “Krick”, et ënnert déi 8 Finalisten vum “Luxembourg Song Contest” gepackt huet! Ënnerstëtzt d’Krick dëse Samschdeg, 27. Januar 2024 ab 20.00 Auer wärend der Liveshow déi an der ausverkaafter Rockhal stattfënnt an och vun RTL-Lëtzebuerg iwwerdroe gëtt.

Als Gewënnerin géif d’Krick dann Lëtzebuerg um “Eurovison Song Contest” (ESC) zu Malmö a Schweden vertrieden (vum 7. bis den 11. Mee 2024)!

« Hey Mäerzeg,

Ech hoffen Dir kënnt mir hëllefen d’Finall ze gewannen, fir dass ech beim ESC matmaache kann! Dat géing mech immens freeën!

Ech sinn iech dankbar a si frou fir all äre Support a léif Wierder. Ech weess dat wierklech ze schätzen!

Léif Gréiss a bis dann,

Krick »

No 30 Joer Paus mëscht Lëtzebuerg erëm beim Eurovision Song Contest 2024 (kuerz ESC) zu Malmö mat! Et goufen 8 Finalist/innen gewielt, déi d’Chance hunn Lëtzebuerg beim ESC ze vertrieden. Eent dovun ass ee Mäerzeger Meedchen – d’Christine Heitz oder och bekannt ënnert dem Kënschtler- a Spëtznumm „Krick“.

D’Krick ass an enger musikalescher Famill grouss ginn, war schonn ëmmer an der Mäerzeger Musek oder Jugendmusek als Member aktiv an huet do och schonn dat een oder anert Stéck gesongen.

Säi Spëtznumm huet hatt scho vu klengem un, well seng 3 Schwësteren nach net gutt schwätze konnten ass aus Christine – Krick ginn wat dann och säi Kënschtlernumm ginn ass.

2017 war d’Krick bei der däitscher Casting Show „The Voice Of Germany“ an hat et do bis an déi sou genannten „Sing Offs“ gepackt. Duerno huet hatt och déi eng oder aner Single erausbruecht.

Haaptberufflech schafft hatt als Infirmière an der Ettelbrécker Klinik a séngt niewebäi bei der „Northern Big Band“ a bei der Funkband „What The Funk“.

Fir dass d’Krick Lëtzebuerg beim ESC vertrieden kann, brauch hatt Är Hëllef! De 27. Januar 2024 ass d’Finall an der Rockhal wou gekuckt gëtt, wien vun den 8 Kandidaten d’Chance kritt op Malmö op déi grouss Bün ze kommen. Mat sengem Lidd „Drowning in the Rain“ wëll d’Krick et onbedéngt packen!

De 27. Januar 2024 gëtt de Concert live iwwerdroen an d’Leit kënne vun doheem mat hirem Handy oder online an souguer aus dem Ausland fir hiren Favorit wielen!

Weider Infos fannt Dir op www.eurovision.lu oder www.rtl.lu.

Aller au contenu principal