Séance #07/2021 du 16.12.2021

Présents         

Mike Poiré / Bourgmestre, Stefano D’Agostino, Isabelle Elsen-Conzemius / Échevins

Luc Weiler, Fernando Ferreira, Myriam Hansen / Conseillers

Aender Schroeder / Secrétaire communal

Excusés         

Amaro García Gonzalez, Mady Bormann-Weber / Conseillers

Ouverture de la séance à 10h00

Rapport suivant l’ordre du jour de la séance

En application de la loi modifiée du 24 juin 2020 portant introduction de mesures temporaires relatives à la loi communale modifiée du 13 décembre 1988 et à la loi modifiée du 27 mars 2018 portant organisation de la sécurité civile dans le cadre de la lutte contre le Covid-19, les conseillers suivants ont participé à la séance en visioconférence :

  • Stefano D’Agostino, Isabelle Elsen-Conzemius / Échevins
  • Luc Weiler, Fernando Ferreira, Myriam Hansen / Conseillers

Les conseillers suivants ont donné une procuration de vote :

  • Amaro García Gonzalez / Conseiller à Luc Weiler / Conseiller
  • Mady Bormann-Weber / Conseillère à Fernando Ferreira / Conseiller

Approbation

a. de plusieurs règlements temporaires de circulation

Le Conseil communal a approuvé à l’unanimité des règlements temporaires de circulation édictés par le Collège des Bourgmestre et Échevins en date du 2 décembre 2021 et portant réglementation de la circulation dans la Rue de Michelbouch et dans la Rue Principale.

b. du financement d’un apport en capital – Syndicat intercommunal DEA

Suite à la décision du 11 novembre 2021 du Comité du syndicat intercommunal DEA de demander un apport en capital aux communes membres et vu l’apport demandé à la Commune de Mertzig d’un montant de 20.200 € (2,02% du total), calculé sur base des statuts et avec le choix entre deux variantes concernant les modalités de cet apport, le Conseil communal a approuvé à l’unanimité d’apporter le capital demandé en optant pour la « variante 1 – apport direct ».

2. Enseignement musical 2021/2022

a. Organisation scolaire rectifiée

Le Conseil communal a approuvé à l’unanimité des membres l’organisation scolaire rectifiée de l’enseignement musical 2021/2022. Le coût définitif est de 139.573,09 € au lieu de 159.512,10 € prévu.

b. Convention – Avenant

Dans le même contexte, le Conseil communal a approuvé à l’unanimité des membres présents l’avenant à la convention conclue entre le Collège échevinal et l’UGDA pour l’organisation des cours de formation musicale et d’instruments dans la Commune de Mertzig, année scolaire 2021/2022.

3. Aménagement communal – Approbation d’un morcellement

En application de la loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l’aménagement communal et le développement urbain et suite à la demande présentée par le bureau d’architectes « Boito Architectes » de Strassen, agissant pour le compte de la société « Mertzig 77 S.à r.l. » de Luxembourg, pour morceler une parcelle inscrite au cadastre de la Commune de Mertzig, section A de Mertzig, et enregistrée sous le numéro 297/6400, en deux nouvelles parcelles et considérant que ce morcellement prévoit de recevoir deux unités affectées à l’habitation, à savoir deux « maisons tri-familiales », le Conseil communal a décidé avec 6 voix (le Bourgmestre Mike POIRÉ, les Échevins Stefano D’AGOSTINO et Isabelle ELSEN-CONZEMIUS ainsi que les Conseillers Mady BORMANN-WEBER, Fernando FERREIRA et Myriam HANSEN) et 2 abstentions (les Conseillers Amaro GARCIA GONZALEZ et Luc WEILER) de refuser le plan de morcellement en question. En effet, la demande et les constructions projetées ne sont pas conformes aux dispositions du nouveau PAG, une demande incomplète a été adressée au syndicat intercommunal SIDEN tel qu’il ressort du courrier de ce dernier du 29 novembre 2021 concernant la stabilisation du terrain en vue de garantir la fonction de la canalisation et le terrain se situe en proximité proche du ruisseau « Wark » constituant un certain risque d’inondation, suivant les cartes « HQ100 » reprises dans le projet RGD « cartes des zones inondables (crue centennale) 2021.

4. Budget – Discussion et vote

Le budget rectifié de l’année 2021 et le projet de budget pour l’année 2022 ont été soumis pour discussion et approbation au Conseil communal, sur proposition du Collège des Bourgmestre et Échevins et après une réunion de travail qui a été organisée en date du 9 décembre 2021.

Le présent rapport reprend le discours du Bourgmestre, étant précisé que seul le discours prononcé fait foi :

„Dir Dammen an dir Hären,

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Ech wëll iech am Numm vum Schäfferot ausdrécklech Merci soen fir een immens konstruktiivt Joer 2021. Mir hunn all zesummen d’Weiche gesat fir der Gemeng Mäerzeg déi Schoul- a Betreiungsstrukturen ze ginn déi d’Gemeng onbedéngt brauch, als Konsequenz vun der demographescher Entwécklung déi lescht 20 Joer.

Vun Ufank un war et eis Prioritéit dëse schwieregen Exercice am Dialog mat de Schoulpartner alleguer unzegoen. Well vill Hürden ze iwwersprange waren si mir no iwwer 3 Joer Kappzerbrieches an Aarbecht dunn Mëtt vun dësem Joer eis eens ginn fir et esou ze maachen wéi an der Gemengerotssitzung vum 24. Juni 2021 gestëmmt. Budgetär ass et de gréissten Investissement an der Geschicht vun der Gemeng Mäerzeg. E fundamentalen Investissement awer well ëm Zukunft vun de Mäerzeger Kanner geet. D’Kanner déi een optimalen a gesonde schoulesche Kader brauchen, an do ass nieft der Qualitéit vum Enseignement, formal wéi non-formal, d’Infrastruktur, d’Gebai, mat dat wichtegst. (…) 6 Méint no dësem Vott kënnt dëse Merci dofir un iech nach eng Kéier vun Häerzen.

Ambitiéis a komplizéiert war den iwwer 3 Joer laange Prozess och well mir eis net just mat der neier Schoul a Maison Relais wollten zefriddestellen, mee direkt och de mëttel- a laangfristege Masterplang preparéieren mat de Phasen 2 an 3, wéi mir elo schonn dacks driwwer geschwat hunn. Och wann déi Phasen 2 an 3 sécher vum nächste Gemengerot réischt am Detail geplangt ginn, hoffe mir haut dass eis Nofollger un deem Konzept festhalen, well mir haut d’Jalonen dofir scho setzen, notamment mam Energiekonzept, Erschléissung a Visioun déi eng an déi selwecht bleift: de Gemengenzentrum mat senge Schoul-, Betreiungs, Kultur-, Sportinfrastrukturen, an doriwwer eraus fit ze maache fir d’Zukunft.

Dozou gehéieren och eis Beméiungen fir de Stroosseraum am Zentrum a ronderëm de Schoulsite manner geféierlech ze maache fir de Foussgänger. Dozou gehéieren och d’Investissementer, wuel méi bescheidener Natur, déi mir an d’aalt Postgebai an déi al Schoul stieche fir doraus, am Dialog mat de Gemengenservicer, Veräiner, Kommissiounen an iech zukunftsorientéiert Haiser ze schafen wou d’Zesummeliewen, dat soziaalt, d’Mënschlechkeet, d‘Hëllefsbereetschaft an d’Solidaritéit am Virdergrond stinn.

Léif alleguer,

mir kënne ganz zefridde sinn mat deem wat mir zesummen an dësen insgesamt 4 Joer Mandat konnten op d’Schinne setzen. De Vott vum PAG virun 3 Woche war do och e Meilesteen.

Allgemeng si mir ënnerwee wuel dacks op d’Schnëss gefall. Sou schlëmm et och e Moment war, mir hunn et awer ëmmer fäerdeg bruecht fir eis ze rappen an de Fokus dann och ni aus den An verluer wat eisen Optrag vum Wieler war. (…)

Mir freeën eis all op d‘renovéiert Gemengenhaus. Et kritt ëmmer méi Form. Inklusiv renovéieren hate mir eis op de Fändel geschriwwen an de Projet, wann en hoffentlëch Mëtt vum nächste Joer ganz fäerdeg gestallt gëtt, wäert och di gréisste Kritiker iwwerzeegen.

D’Stroossen: mir maachen se all, just der Rei no, a wou de Besoin am gréissten ass. Do ass d’absolut Prioritéit d’Drénkwaasserleitung, wat erkläert dass mir d’Méchelbucher Strooss am Planning hu misste virhuelen. Mëtt vum Joer hate mir och do mat iech zesummen eng konstruktiv Aarbechtssitzung wou mir de Kalenner fir déi nächst Joer opgestallt hunn: no der Schoulstrooss, der Gässel, an dem viischten Deel vun der Gaass kënnt 2022 d’Méchelbucher drun. Dono d’Latterbaach, d’Zéchel an d’Mëtscheeder d’Joren dono.

D’onëmgänglech Partner vun der Gemeng, d’Bureaux d’études, wëssen op jidder Fall wou et mat der Gemeng Mäerzeg higeet. D’Gemengenservicer wëssen dat och si gestalten a plange virun allem fläisseg mat, hunn Initiativgeescht, Motivatioun an Asaz, wat eis zu ganz zefridden a souguer houfreg Mandatsträger mécht. Mir kënnen op jidder Fall op déi Dynamik opbauen a ginn eis bescht, dass mir se oprecht erhale kënnen, och wann tëschenduerch heiansdo Verschnaufpausen onëmgänglech si fir sech do bëssen ze ressourcéieren.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

fir eis Aarbecht gutt a konsequent kënnen ze maachen, brauche mir Ausdauer, vill Energie, e gutt Ëmfeld a virun allem eng zolidd Gesondheet.

Loosst eis elo zu den Euroe kommen déi mir brauche fir alles dat wat mir gestëmmt hunn an eis virgeholl hunn, ze finanzéieren.

Mir fänken am extraordinären Deel vum Budget déi mir als grouss Investissementer betruechten:

  • D‘Gemengenhaus: 640.000 € Subside vum Intérieur déi mir am Rectifié 2021 kënne virgesi bei de Recettes extraordinaires (S. 55); op der Dépense-Säit stinn am Rectifié prezis 3.549.062,61 € a fir 2022 wäerte mir no den aktuelle Rechnungen a Previsiounen 1.800.000 € brauchen (S. 59). Mir erënneren eis un de gestëmmten Devis den 01.02.2019 an Héischt vu ronn 5,3 Mio €. E weidere klenge Subside vu 24.000€ ass méiglech am Kader vum Projet de loi n° 7346 portant sur l’accessibilité à tous de lieux ouverts au public, des voies publiques et des bâtiments d’habitation collectifs, vun deem mir di lescht Jore schonn ëmmer geschwat an deen elo endlech an der Chamber gestëmmt ginn ass, d’Dispense vum 2. Vote constitutionnel ass de 07.12.2021 accordéiert ginn sou dass d’Gesetz elo drop an dru misst sinn fir publizéiert ze ginn. Mir stellen op jidde Fall d’Demande direkt Ufank 2022, an dësem Fall am Familljeministère. An der Aarbechtssitzung war d’Fro och gestallt ginn ob an dësem Devis Miwwele virgesi waren. Dat ass de Fall: 150.000 €.
  • De Parking, d’Place Nicky Besch an d‘Alentoure vum Gemengenhaus: 500.000 € am Rectifié 2021 a 450.000 € am Budget 2022; de gestëmmten Devis an der Sitzung vum 11.02.2021 war 1.050.000 €. Dëse Projet beinhaltet natierlech och de Kaf an d’Demolitioun vum Haus wou mir am Rectifié mat 1 Mio € ofschléissen;
  • Da kënnt eise gréisste Projet wéi ugeschwat deen de Gemengerot déi nächst Joren an Otem hält: de Projet intégré Schoul-Maison Relais. De gestëmmten Devis beleeft sech op 25.682.468,12 €. Am Rectifié musse mir 192.911,33 € asetzen a fir 2022 4 Mio € (S. 68). D’Ausschreiwungsdossieren sinn à propos elo färdeg. Haut op den Dag ass d’Publikatioun. D’Soumissioun ass op den 03.02.2022 festgeluecht ginn an den Début Chantier ass den 02.05.2022.
  • D’Frëschmaache vun der Schoulstrooss, Gässel an dem viischten Deel vun der Gaass kënne mir mat 2.140.348,96 € am Rectifié ofschléissen, wou de gestëmmten Devis sech op 2.290.000 € belaf huet (S. 63).
  • Fir d’Méchelbucher Strooss musse mir am Rectifié 300.000 € asetzen a fir 2022 1,4 Mio €, op Basis vum gestëmmten Devis an der Sitzung vum 09.09.2021 deen sech op 2.440.000 € beleeft (S. 64).
  • Am Kader vum Pacte logement 2.0 maache mir direkt Neel mat Käpp a kënnen op de Projet zréckgräifen dee mir ganz fréi am Mandat mat iech zesummen diskutéiert an ausgeschafft hunn, mat Hëllef vun engem spezialiséierte Büro: mir ginn als Gemeng Promoteur public a schafen abordabele Wunnengsbau an der Dellener Strooss. Am Kader vum PAG hu mir eis agesat fir den Terrain ëmzeklasséieren. Dat ass eis gelong. Elo gi mir mat iech am Januar de Projet PAP duerch a kréien och de ganze Werdegang nach eng Kéier prezis erkläert a presentéiert. Am Budget 2022 musse mir 350.000 € virgesinn, wëssend dass d’Endrechnung vun dësem Projet beim Décompte vu null op null soll opgoen. RDV also am Januar fir eng Aarbechtssitzung zu dësem Projet. Fir keng Zäit ze verléiere kéinte mir am beschte Fall dann och de PAP dozou am Februar/Mäerz stëmmen. No Récksproch kënne mir effektiv déi Prozedur parallel zu der PAG-Prozedur lancéieren. Mir mussen dofir net d’Approbatioune vun de Ministèren ofwaarden;
  • Wéi mir iech scho matgedeelt hunn, ass déi al Kläranlag elo definitiv ausser Betrib. De SIDEN baut se zréck sou dass mir dann do als Gemeng eng interessant Plaz hunn fir z.B. en Dépôt fir eis Régie ze schafen. Mir gesinn dofir 200.000 € fir 2022 vir (S. 65);
  • An d’Stroossesécherheet allgemeng hu mir 2021 155.439,59 € investéiert (S. 64).
  • Eise Waasserservice huet alles gutt am Grëff. Fir och 2022 weider an déi nei digital intelligent Waassercompteuren ze investéiere brauche mir 150.000 €, woubäi am Rectifié 162.763,68 € noutwendeg sinn (S. 66).
  • De Bëschkierfecht an der Säitert gëtt am Fréijoer 2022 ofgeschloss. Am Rectifié brauche mir 100.000 € an 2022 nach eng Kéier 61.000€, wou mir dann de gestëmmten Devis vun 161.000 € agehal hätten (S. 64).
  • Fir déi noutwendeg „Mise en conformité“ vum ale Postgebai an der aler Schoul déi ab d’Rentrée 2022 eidel ass gesi mir 100.000 € vir, wou eventuell och déi éischt Renovatiounsaarbechte scho kënnen am Hierscht 2022 lancéiert kënne ginn;
  • D’Regie hu mir di lescht Jore scho gutt equipéiert mat de noutwendege Gefierer: 170.000 € stinn dofir am Rectifié a fir 2022 steet mat 75.000 € nach de Budget do fir e „Clark“ ze kafen deen eis super motivéiert Equipe brauch;
  • Mir investéieren och an de Quelleschutz vun de besteeënden Quellen am Drénkwaasserreseau: 75.000 € 2022, am Rectifié 24.000 € a fir d’Turelbaacher Quell och 50.000 € am Rectifié wou d’Etude elo ofgeschloss ka ginn.
  • Merci dass mir eis all eens ware fir den Turelbaacher Site ze kafen. 150.000 € gesi mir fir 2022 vir fir dringend Reparaturkäschten. 450.000 € huet eis de ganzen Domaine mam Schlass kascht, déi hei och am Rectifié 2021 stinn (S. 66). Dës Sitzung sprengt de Kader fir iech am Detail opzekläre wou mir dru sinn. Mir proposéieren dofir och eng Aarbechtssitzung am Januar/Februar/Mäerz fir dann do de Point ze maachen. Fir d’éischt mat iech, dann awer och mam Gemengerot vu Groussbus wéinst e.a. der Territoire-Grenz. Well regelméisseg Ufroë sinn ass eng Säit ageriicht ginn op mertzig.lu mat aktuellen Infos: https://www.mertzig.lu/turelbaacher-schlass/.
  • Fir eis haut schonn ze preparéieren op d’Phas 2 vum Masterplang setze mir 50.000 € am Budget 2022 a fir de Bau vun enger Bréck déi d’Sportinfrastrukture mam Terrain op der anerer Säit vun der Turelbaach verbannen. Fir d’Autorisatiounsprozedur beim Waasserwirtschaftsamt an dem Ëmweltministère kënnen ze lancéieren, brauche mir en Dossier mat der Etude de faisabilité;
  • D’Ofwaassergestioun kascht a gëtt méi deier: 134.000 € musse mir am Rectifié virgesinn a fir 2022 stinn 205.000 € zu Buche, op Basis vum Budget wéi en eestëmmeg am SIDEN-Comité gestëmmt ginn ass.
  • Kleng Investissementer:
    • Nei Chrëschtbeliischtung: 50.000 €;
    • 2 Défilibratoren: 30.000 € (Terrain & Al Schoul);
    • Spillplaz am laange Pesch: 30.000 €;
    • Renovatioun vun de Bushaisercher no de Prinzippie vun der Ekonomie circulaire: 20.000 €;
    • 000 € fir de Gemengecontainer a Klassen ëmzewandele fir d’Rentrée 2022;
    • Mediabox (wéi Bicherbox, awer fir CD/DVD/VHS/Vinyl/etc. am Park: 15.000 €.

Wat seet den Total vun den extraordinären Dépensen : 10,4 Mio € am Rectifié a nach eng Kéier 9,4 Mio € fir 2022.

Fir alles ze finanzéiere wat mir gestëmmt hunn gräife mir 2022 op een Emprunt vu 7 Mio € zréck. Déi 5 Mio € am Rectifié goufen am November gezunn, wéi dir wësst.

Puer kleng Remarquen och nach zum ordinairen Deel vum Budget: Mir investéiere weider an d’Modernisatioun vun der Informatik wou scho villes realiséiert konnt ginn: den Internetsite dee weider ausgebaut gëtt, d’App déi vill Potential bitt a weider ausgebaut gëtt. D’Erausfuerderung ass dass alles wat am Beräich vun der Digitalisatioun gemaach gëtt och systematesch kommunizéiert gëtt. Do lafe mir bëssen hannendrun, mee hunn dat Ufank 2022 nees am Grëff. Fir 2022 gesi mir 55.000 € wou och Budget genuch do ass fir Efforten am Beräich vun der Integratioun ze maachen: do ass déi nei App HOPLR eng Nouveautéit fir 2022: https://www.hoplr.com, dat „soziaalt Netzwierk fir Är Noperschaft“.

Da klëmmt d’Participatioun vun de Gemenge beim CGDIS. D’Budgetscirculaire gëtt d’Haussen do vir: par rapport zum Compte 2020 ass et eng Hausse vun 13,20% am Rectifié an eng Hausse vu 40% fir 2022. Fir eis sinn dat 109.215,44 € déi mir fir 2022 musse virgesinn (S. 29).

D’Offallgestioun an d’Participatioun beim SIDEC fält vun 205.000 € am Rectifié op 170.000 € 2022 (S. 32). Woubäi d’Ofwaassergestioun beim SIDEN vun 325.000 € am Rectifié op 360.000 € 2022 klëmmt (S. 33).

Generell musse mir och méi virgesinn am Ordinaire fir Entretien-Käschten an a ronderëm d‘Gemengeninfrastrukturen, d’Sportinfrastrukturen, Fléckaarbechten, kleng Renovatiounen (z.B. Pompjeesbau: 30.000 €).

Mir däerfe keng kal Féiss kréien. Mir hunn déi allgemeng Finanzsituatioun streng a systematesch am An a sinn an enkem Kontakt mat der Finanzdirektioun am Intérieur an dem SIGI deen eis jo am Kader vum PPF begleet. Wann dir erlaabt werfe mir e Bléck op d’Situatioun. Dat ass eise „Screening“ wéi mir eis en op d’Stier geschriwwen haten: (…).

Ech wiederhuele hei och kuerz d’Sécherheetsmécanismen fir eng Iwwerschëldung ze evitéieren:

  • Boni ordinaire vum Budget ≥ 0 ;
  • Résultat définitif vum Budget ≥ 0 (après emprunt éventuel) ;
  • Annuitéit vun den Emprunts < 20% vun de Recettes ordinaires.

Déi leschte Valeur ass fundamental: am Budget rectifié 2021 wéi e virläit si mir beim Ratio 7,35% mat den 5 Mio € Emprunt. Dëse Ration klëmmt 2022 op 10,99% mat de 7 Mio € Emprunt. D’Gesamtschold vun der Gemeng beleeft sech dee Moment op 17,9 Mio €. Op Basis vun de Previsiounen an der Circulaire zum PPF (Plan pluriannuel financier) elo vum 13.12.2021 (https://mint.gouvernement.lu/dam-assets/circulaires/2021/juillet-decembre/4071.pdf) klammen eis Recettes ordinaires 2023 op 9,2 Mio € an 2024 op 9,7 Mio €. An der Mise à jour vum PPF ginn eis Investissementer 2023 mat engem Emprunt vun 5,2 Mio € finanzéiert an 2024 misste nach eng Kéier 2,3 Mio € virgesi ginn. De Ratio wier dee Moment bei 13,86% respektiv 14,35%. Alles am gringe Beräich also! (…)

Wéi gesäit et allgemeng ëm d’Gemengefinanzen aus? Ech zitéieren do de Finanzminister aus senger Budgetsried den 13.10.2021 an der Chamber beim Dépôt vum Budget 2022:

„Wann een sech de Solde vun de Gemengen ukuckt, déi an de leschte Joren ëmmer en raisonnabelt positiivt Resultat ugewisen hunn, da gesäit een dass d’Kris och si net verschount huet. 2019 hate mer hei nach een Iwwerschoss vun + 299 Milliounen Euro. Mam Impakt vun der Kris louch deen 2020 bei +42 Milliounen Euro, wat e manner schlëmmt Resultat war wei Verschiddener gefaart hunn. Bei de Gemenge gesi mir 2021 och eng positiv Tendenz an 2022 wäert de Solde bei erëm ronn +234 Milliounen Euro leien.“

Ech verweisen och op d’Budgetscirculaire vum 25.10.2021: https://mint.gouvernement.lu/dam-assets/circulaires/2021/juillet-decembre/4048.pdf (…).

Léif alleguer,

Ugefaang hat ech mam Merci un iech. Ophale wëll ech mam Merci un d’Gemengeservicer wou jiddereen säin Deel dozou bäigedro huet fir dëst Dokument sou propper, prezis a komplett ze presentéieren.

Den Debat ass op. (…)“

a. Budget 2021 rectifié

Après débat et discussion, le Conseil communal a approuvé avec 6 voix (le Bourgmestre Mike POIRÉ, les Échevins Stefano D’AGOSTINO et Isabelle ELSEN-CONZEMIUS ainsi que les Conseillers Mady BORMANN-WEBER, Fernando FERREIRA et Myriam HANSEN) contre 1 voix (le Conseiller Amaro GARCIA GONZALEZ) et 1 abstention (le Conseiller Luc WEILER) le budget rectifié de l’exercice 2021 qui se présente comme suit :

b. Budget 2022

Après débat et discussion, le Conseil communal a approuvé avec 6 voix (le Bourgmestre Mike POIRÉ, les Échevins Stefano D’AGOSTINO et Isabelle ELSEN-CONZEMIUS ainsi que les Conseillers Mady BORMANN-WEBER, Fernando FERREIRA et Myriam HANSEN) contre 1 voix (le Conseiller Amaro GARCIA GONZALEZ) et 1 abstention (le Conseiller Luc WEILER) le Budget pour l’année 2022 qui se présente comme suit :

5. Communications

Le Collège des Bourgmestre et Échevins a informé le Conseil sur les projets et dossiers d’actualité ainsi que sur les travaux à court et moyen terme.

Clôture de la séance à 12h00

A télécharger

Aller au contenu principal