ÉISCHT-HËLLEFS-COURS

Den 09. an 10. Oktober 2021 fënnt een Éischt-Hëllefs-Cours am Centre Turelbaach, zu Mäerzeg, statt.

Aschreiwen kënnt Dir Iech bis den 08. Oktober 2021 via https://cours.cgdis.lu/page/module/1183/DEU/index.html?cache=no .

Weider Detailer zum Cours fannt Dir hei:

Description

Dauer vum Cours: 16h

Säitdeem den Éischt Hëllefs Cours den 1. Juli 2018 vum CGDIS nei organiséiert gouf, entsprécht dëse Cours lo och a Lëtzebuerg dem Modell vum europäeschen First-Aid-Cours. Dat heescht, dass de Cours sech elo zu gutt 2/3 op praktesch Inhalter stëtzt an déi theoretesch Deeler mëttlerweil éischter d’Ausnam bilden.

D’Zieler vum Cours:

D’Participanten léieren…

  • …dat séchert Verhalen op Accidenter.
  • …wéi een e standardiséierten Noutruff beim 112 tätegt.
  • …medizinesch Noutfäll richteg ze erkennen an anzeschätzen.
  • …d’Versuergung vu Patienten a medezineschen Noutfäll bis d’Rettungsdéngschter op der Plaz sinn.
  • …liewensbedrolech Bluddungen ze stëllen.
  • …wéi ee Noutfallpatiente richteg tässelt.     

A villes méi.

D’Inhalter vum Cours:

  • Éischt Mesuren op Accidenter
  • D’Versuerge vu Wonnen an den Ëmgang mat Verbänn
  • Verbrennungen
  • Bewosstlosegkeet a stabil Säitelag
  • «Basic Life Support» mëttels Häerzmassage an dem Asaz vum automateschen externen Defibrillator (AED)
  • Reanimatioun vu Kanner
  • Engem accidentéierten Motard patientegerecht den Helm ausdoen

A villes méi.

D’Conditiounen vir um Cours deelzehuelen:

  • Mindestalter: 12 Joer
  • Bereetschaft aktiv um Cours deelzehuelen

Wéi kann een un engem Cours deelhuelen?

Dir kënnt Iech an zwee ganz einfache Schrëtt bequem vun doheem aus an ee vun eise Course mellen:

  1. E Benotzerkonto op cours.cgdis.lu erstellen.
  2. Sech op cours.cgdis.lu vir ee Cours entscheeden an do androen.

Vir grad an de prakteschen Elementer déi beschtméiglech Betreiung vun alle Participanten ze garantéieren a jidderengem ze erméiglechen, seng praktesch Fäegkeeten ze testen, ass de Cours op 12-25 Leit beschränkt.  

Informatiounen zum Diplom

Den Éischt Hëllefs Cours gëtt vum Moniteur, deen de Cours ofhält, duerch contrôle continu validéiert.

Participanten, déi de Cours erfollegräich ofgeschloss hunn, erhalen en Diplom, dat vum zoustännege Minister ausgestallt gouf. Dofir muss een awer un alle 16 Stonnen vum Cours deelgeholl hunn an d’Participatioun muss vum zoustännegen Moniteur bestätegt ginn. Sollten dës béid Bedingungen net erfëllt sinn, sou ka keen Diplom ausgestallt ginn.

D’ Diplom ass fënnef Joer laang gëlteg. Zirka zwielef Méint éiert dës Validitéit ausleeft, erhal Dir vun eiser Säit eng Mail, déi Iech doriwwer informéiert. Dëst ass natierlech nëmme méiglech, wann Äre Benotzerkonto an déi hannerlueten E-Mail Adress nach aktiv sinn. Wann der bannent deenen fënnef Joer erfollegräich un engem weidere Cours deelhuelt, verlängert sech d’Validitéit em fënnef Joer.

Sämtlech Coursen, déi op cours.cgdis.lu ugebuede ginn, ginn eenzeg vun zertifiéierten an duerch den INFS ausgebilten an nominéiert Moniteuren ofgehalenen.

Public

Luxembourgeois

Linda MAYER
Laurie MULLER

  • 09.10.2021 08:00-12:00
    Moniteur: Linda MAYER
  • 09.10.2021 13:00-17:00
    Moniteur: Laurie MULLER
  • 10.10.2021 08:00-12:00
    Moniteur: Linda MAYER
  • 10.10.2021 13:00-17:00
    Moniteur: Laurie MULLER
Aller au contenu principal