Séance #09/2020 du 17.12.2020

Présents       Mike Poiré / Bourgmestre, Stefano D’Agostino, Isabelle Elsen-Conzemius / Échevins

                        Amaro Garcia Gonzalez, Luc Weiler, Mady Bormann-Weber, Myriam Hansen / Conseillers

                        Aender Schroeder / secrétaire communal

Excusés        Fernando Ferreira / Conseiller (jusqu’au point 6)

Ouverture de la séance à 10h00

Rapport suivant l’ordre du jour de la séance

En application de la loi modifiée du 24 juin 2020 portant introduction de mesures temporaires relatives à la loi communale modifiée du 13 décembre 1988 et à la loi modifiée du 27 mars 2018 portant organisation de la sécurité civile dans le cadre de la lutte contre le Covid-19, les conseillers suivants ont participé à la séance en visioconférence:

  • Stefano D’Agostino, Isabelle Elsen-Conzemius / Échevins
  • Amaro Garcia Gonzalez, Luc Weiler, Mady Bormann-Weber, Fernand Ferreira (à partir du point n°6) / Conseillers

 1. Approbation

 a. de plusieurs Devis

Le Conseil communal a approuvé à l’unanimité des membres présents les devis de l’ASTA (Administration des services techniques de l’agriculture), concernant le réaménagement d’un chemin existant au lieu-dit « Aeschbur » au montant 49.500.- € et d’un chemin existant au lieu-dit « Fuessend » à Mertzig au montant total de 125.000.- €.

b. d’une convention

Dans le cadre de la préservation de la nature, dont notamment des vergers sur le territoire de la Commune de Mertzig, le Conseil communal a approuvé à l’unanimité des membres présents la convention conclue le 23 avril 2020 entre le Syndicat intercommunal pour la Conservation de la Nature (SICONA), la Commune et le propriétaire des terrains respectifs, à savoir M. Pierre Lentz.

c. d’une subvention de loyer

Le Conseil communal a décidé à l’unanimité des membres présents d’approuver une subvention de loyer au montant total de 3.200.- € (2 loyers) pour le locataire de l’ancien presbytère et ceci suite à l’état de crise déclaré en mars 2020 et à la fermeture obligatoire des cabinets de kinésithérapie en général.

2. Enseignement de musique

 a. Organisation scolaire 2020/21 rectifiée

Le Conseil communal a approuvé à l’unanimité des membres présents l’organisation scolaire rectifiée de l’enseignement musical 2020/2021. Le coût définitif est de 147.277,86.- € au lieu de 164.034,02.- € prévu.

b. Avenant à la convention initiale

Dans le même contexte, le Conseil communal a approuvé à l’unanimité des membres présents l’avenant à la convention conclue entre le Collège échevinal et l’UGDA pour l’organisation des cours de formation musicale et d’instruments dans la Commune de Mertzig, année scolaire 2020/2021.

3. Modification du règlement-taxe concernant la gestion des déchets

Le Conseil communal a décidé d’approuver par 6 voix (le Bourgmestre Mike POIRÉ, les Échevins Stefano D’AGOSTINO et Isabelle ELSEN-CONZEMIUS ainsi que les Conseillers Amaro GARCIA GONZALEZ, Luc WEILER et Mady BORMANN-WEBER) contre 1 voix (la Conseillère Myriam HANSEN) la modification du règlement-taxe concernant la gestion des déchets. Une taxe forfaitaire annuelle de 50,00.- € est prélevée auprès de tout abonné de la collecte publique. Cette taxe est due afin de faire face aux frais généraux de la commune en matière de gestion des déchets.

4. Aménagement communal

 a. Approbation d’un cadastre vertical

Le Conseil communal a approuvé à l’unanimité des membres présents l’établissement d’un cadastre vertical de l’immeuble existant sis à L-9166 Mertzig, 7 Zone industrielle.

b. Droit de préemption

Le Conseil communal a décidé à l’unanimité des membres présents de renoncer au droit de préemption quant au terrain à bâtir, enregistré sous le numéro « 616/5944 », section A de Mertzig, Commune de Mertzig, et sis à L-9167 Mertzig, 3 Rue Victor Kips. Suivant l’article 20 de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988, Madame Isabelle Elsen-Conzemius, Échevine, n’a pas pris part ni à la discussion ni au vote.

5. Approbation d’un emprunt

Le Conseil communal a décidé avec 4 voix (le Bourgmestre Mike POIRÉ, les Échevins Stefano D’AGOSTINO et Isabelle ELSEN-CONZEMIUS ainsi que la Conseillère Myriam HANSEN) contre 3 voix (les Conseillers Amaro GARCIA GONZALEZ, Luc WEILER et Mady BORMANN-WEBER) de contracter un emprunt de 2.000.000.- € pour l’exercice 2020.

 6. Budget – Discussion et vote

Le budget rectifié de l’année 2020 et le projet de budget pour l’année 2021 ont été soumis pour discussion et approbation au Conseil communal, sur proposition du Collège des Bourgmestre et Échevins et après une réunion de travail qui a été organisée en date du 10 décembre 2020.

Le présent rapport reprend le discours du Bourgmestre, étant précisé que seul le discours prononcé fait foi :

“Dir Dammen an dir Hären,

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Am Numm vum Schäfferot soen ech dem Sekretär, Aender Schroeder, an dem Receveur, Tania Carvalho, merci fir d’Dokument wat Dir virleien hutt: de Budget rectifié 2020 an de Projet Budget fir d’kommend Joer 2021.

Merci iech all och fir déi konstruktiv Aarbechtssitzung zum Budget haut virun enger Woch wou mir op Basis vun ären Observatiounen a Froen am Dokument nach puer Verbesserungen konnte virhuelen.

Mir sinn elo an der Halschent vun eisem Mandat ukomm. 3 Joer wou mir eis sécher net gelangweilt hunn. No eise Vereedegungen am November 2017 hu mir eis voller Elan an d’Aarbecht geknéit. Mir hunn eis missten drop preparéieren dass de laangjäregen an erfuerene Gemengesekretär, Jean-Paul Hilbert, d’Mëtt vum Joer 2018 an d’Pensioun gaang ass. Mir hunn eis missten drop preparéieren dass de laangjäregen an erfuerene Receveur, d’Margot Dengler-Wagener och dee Moment an d’Pensioun gaang ass. Mir konnte net domat rechnen dass verschidde Mataarbechter och eng nei berufflech Erausfuerderung gesicht hunn, dorënner de laangjärege Gemengentechniker, Marc Rausch, an den designéierten neie Receveur, Claude Nesen. Donieft koum och nach eng Demissioun vun enger Redaktesch, d’Danielle Bauer, déi viru Joren agestallt ginn ass fir d’Relève vum Gemengesekretär ze iwwerhuelen, iwwert ee ganzt Joer am Krankeschäin war an eis net wierklech eng Hëllef war well ni do. An alles dat fir ee komplett neie Schäffen- a Gemengerot deen d’Geschécker vun der Gemeng Mäerzeg sollt leeden.

Mir hunn de Kapp awer ni hänke gelooss an zouversiichtleg an d’Zukunft gekuckt. Mir hu recrutéiert. Mir hu gutt recrutéiert an als Buergermeeschter dee vun de Mandatären noutgedrongen am meeschten Zäit op der Gemeng ass, sinn ech houfreg op déi nei Equipe déi sech a kuerzer Zäit, jiddereen a sengem Beräich, exemplaresch a komplizéiert Matière rageschafft huet an op déi Verlooss ass. 4 vun de 6 Mataarbechter hunn donieft déi lescht Wochen a Méint d’obligatoresch Coursen suivéiert an Examen gemaach; nieft der Aarbecht déi eis definitiv net ausgeet.

No bausse gesäit et vläicht net esou aus, mee et geet näischt vum selwen. Trotz dësen personaltechnesche Defie, an dat waren Defie, well et och ganz anescht hätt kéinte kommen, hu mir vun der éischter Minutt un eise Programm konsequent ëmgesat, an doriwwer eraus.

Elo no 3 Joer gouf scho sou munches erreecht, zesumme mat iech an dem neie Gemengepersonal.

 Fir d’éischt d’Infrastrukturaarbechten:

  • Provisoresch onëmgänglech Schoulinfrastrukture geschaf mat der Erweiderung vum och onëmgängleche Agrement fir d’Maison Relais, alles bedéngt duerch d’explosiounsaarteg demographesch Entwécklung déi lescht 15 Joer; d’Schoulrentrée hätt 2018 net kënne stattfannen well et einfach u Klassesäll gefeelt hätt an d’Maison Relais an der Illegalitéit gewiescht wier;
  • Kaf vun Terrain fir Ausbau vu Schoul- a Sportinfrastrukturen;
  • Saisine de 29. Februar 2020 vum Gemengerot mam neie PAG un deem d’Gemeng mam Urbanistebüro zënter 2005 geschafft huet, dringend noutwendeg fir eenzel Projeten iwwerhaapt mol däerfen ze maachen;
  • Fäerdegstellung vun der Colmer-Strooss, definitiv keen einfache Chantier;
  • Fäerdegstellung vu de neie Vestiairen an der Buvette tëscht den 2 Fussballsterrainen, och keng einfach Saach;
  • Komplett Astandsetzung vun dësem Sportkomplex mat neiem syntheeteschem Terrain, laang iwwerfälleg wéinst Blessuregefor a schiedlechem Granulat, neier Energie-effizienter Beliichtung, asw.;
  • Inklusiv Renovatioun a Sanéierung vum Gemengenhaus, an engem net gudden Zoustand a bestëmmt net méi zäitgeméiss fir eng modern Gemeng, a virun allem net méi konform a sou ville Beräicher (Chantier en cours);
  • D’Frëschmaache vun der Rue de l’école, mat der Gaessel an engem Deel vun der „Gaass“ an dem Kirchepad (Chantier en cours);

Dann am Beräich vun der Sécherheet a Sensibiliséierung:

  • Ausschaffen vun engem komplette Mobilitéitskonzept mam „Séchere Schoulwee“, Mesurë fir d’Vitesse-Limitatioun an den 30er-Zone geholl;
  • Iwwerfällege Commodo-Incommodo fir de Centre Turelbaach gemaach, an Zukunft fir all Gemengegebai onëmgänglech;
  • D’Offallgestioun konform gemaach an optimiséiert mat engem kommunale Recycling-Park, ouni déi grouss SIDEC-Reform „Manner eliminéieren, méi recycléieren“ ze vergiessen;
  • D’Jorhonnertreform vum CGDIS, zesumme mat eisem CIS ëmgesat.

Dann am Beräich vun de Partnerschaften, de Kollaboratiounen, der Vernetzung an der Regioun, de Frëndschaften déi der Gemeng nëmme kënnen hëllefen bei der Ëmsetzung vun den Erausfuerderungen vun dëser Zäit:

  • Fairtrade, Klimabündnis, Anti-Gaspi, Emweltberodung Lëtzebuerg, Klimapakt 1.0, a geschwënn 2.0 a net ze vergiessen eis Memberschaft am Leadergrupp Atert-Wark, nieft den 10 Gemengen vum Syndikat „Réidener Kanton“ wou Mäerzeg déi 11. Membergemeng ass an och bleift wéi rezent eestëmmeg vun eis festgehal. Eng immens wichteg Kollaboratioun wann ee bedenkt dass déi zukünfteg Entwécklung vun der Gemeng sech ëmmer méi op de Réidener Kanton wäert konzentréieren;
  • D’Frëndschaft mat der Gemeng Merzig am Saarland, wou immens vill Potential drastécht, wou mir nëmme kënne léieren, a wou mir virun allem och den europäesche Gedanken konkret kënne liewen;
  • Mat Vöcklamarkt, eiser offizieller Jumelage-Gemeng aus Eisträich, huelen ech demnächst Kontakt op. Et ass e neie Buergermeeschter do gewielt ginn, wat jo dann och eng gutt Geleeënheet ass;
  • Nët ze vergiessen eis Zertifikatioun als éischt Gemeinwohlökonomie-Gemeng zu Lëtzebuerg, eng impressionnant international Organisatioun déi eis iwwert d’Wäerte-Matrix een Instrument gëtt un deem d’Gemeng sech permanent kann orientéieren an a Fro stellen. D’”Economie pour le Bien commun” wëll e Wirtschaftsmodell schafen, wou den éischte But fir eng Entreprise net d’Maximéierung vum finanzielle Gewënn ass, mee wou d’Mënschen an d’Ëmwelt am Mëttelpunkt stinn. Souwuel d’Mataarbechter wéi och d’Liwweranten an d’Cliente solle respektvoll behandelt ginn. Zu Lëtzebuerg ass den Oikopolis-Grupp (Biog, Naturata a Biogros) déi éischt Firma, déi sech de Reegelen an Ziler vun der Gemeinwohlökonomie verflicht huet. Mir sinn déi éischt Gemeng!

D’Kommunikatioun: Jo, mir investéiere vill an d’Kommunikatioun, digital wéi analog um Pabeier. Den Internetsite vun der Gemeng ass erneiert ginn a wiisst a wiisst mat Inhalter. Zesumme mat de soziale Medien ass dat d’Visittekaart vun der Gemeng no baussen. Mir assuréieren dofir dass de Site lieft. Déi nei entwéckelt APP fir Smartphones ass och fäerdeg. D’SIDEC-Reform gouf am Laaf vum Joer nach drop integréiert mam Vidange vun de Poubellen, grad wéi d’Buslinne déi live mat der nationaler Mobilitéitszentral geschallt sinn. De Gemengebuet “Martiaco”, wou vill Zäit an Energie dragestach gëtt, ass souzesoën d’Archiv vun der Gemeng, mat sou komplett wéi méiglechen Artikelen a Reportagen iwwert d’Politik, d’Gemeng, d’Veräiner an d’Gesellschaft. Donieft komme Spezialeditiounen vum Martiaco wéi d’Publikatioun iwwert de PAG dëst Joer oder elo de GWÖ-Rapport deen 2021 erauskënnt. A net ze vergiessen “de Markollef” oder Schoulbuet dee mir agefouert hunn an deen all Joer fir d’Schoulrentrée publizéiert gëtt, an Zesummenaarbecht mat de Schoulpartner.

Sech a Fro stellen, dat ass eng Tugend déi een als Politiker all Dag soll praktizéieren, net als Selbstzweck, mee fir d’Allgemengheet, fir d’Wuel vun de Leit fir déi mir eis asetzen.

Déi tëschemënschlech Bezéiungen an den Ëmgang, Respekt an Toleranz sinn Tromp. Den Toun mécht d’Musek: dat ass a bleift d’Fundament vun enger Gesellschaft déi funktionéiert, och a virun allem am Politalldag: mam Gemengepersonal, mat de Schoulpartner, mat de staatleche Verwaltungen a Ministèren, mat den interkommunale Syndikater, mat de Veräiner, mat den Entreprisen, mat de Fournisseuren a natierlech mat de Mäerzeger, vu kleng bis grouss, fir déi mir schaffen.

Léif Kolleginnen a Kollegen,

2020 ass a bleift een aussergewéinlecht Joer. D’Pandemie huet villes verännert. Et ass zu dësem Zäitpunkt, am Dezember 2020, nach ze fréi fir eng kloer Vue ze hunn doriwwer, wéi d’Situatioun sech an Zukunft entwéckele wäert, souwuel op gesondheetlechem wéi och op finanziellem Plang. Wat awer sécher ass, ass dass eis Ausgangspositioun no der Kris eng aner wäert sinn, wéi nach virun der Kris.

An dorop hu mir eis an de leschte Méint konzentréiert. Mat der Circulaire n° 3834 vum 8. Mee 2020 war relativ séier kloer wéi et mat de Gemengefinanze wäert ausgesinn fir de Rescht vum Joer 2020. D’Budgetcirculaire n° 3909 vum 15. Oktober 2020 huet dës Tendenz bestätegt a mir hunn zesummen eng Finanzanalys gemaach, an der Aarbechtssitzung vum 19. November 2020, déi eis een Ausbléck gëtt op dat wat d’Gemeng sech reng finanziell kuerz- a mëttelfristeg kann erlaben an der Ëmsetzung vu sengem Programm.

De STATEC huet a senger rezenter „Note de conjoncture“ zwee Zenarien fir d’Eurozon opgestallt, déi dovunner ofhänken wéi séier en Impfstoff operationell wäert sinn an op d’Länner an Zukunft nach mussen op zousätzlech Restriktiounen zeréckgräifen.

Am Fall vun engem positiven Zenario kéint een 2021 mat enger Hausse vum PIB vu bis zu +5,5% rechnen. Am Fall vun engem negative Zenario, kéint een awer nach vun enger Rezessioun vun -1% ausgoen, an der Eurozon.

Fir d’Joer 2020 geet de STATEC am positive Zenario vun enger Rezessioun fir Lëtzebuerg vun -3,5% aus. Den negative Zenario weist eng Baisse vun -4,5% vum PIB un. Fir d’Joer 2021 geet de positiven Zenario vun engem Opschwong vun +4% aus. Beim negative Zenario wäert de PIB quasi stagnéieren mat -0,5%.

De Mëttelwäert vun dësen zwee Zenarien ass och ganz no un de Previsiounen, déi d’Europäesch Kommissioun fir Lëtzebuerg erstallt huet: -4,5% fir 2020 an +3,9% fir 2021. Lëtzebuerg weist sech do méi resilient wéi de Gros vun den EU-Memberstaaten.

Déi 102 Gemengen am Land si finanziell ofhängeg vum Lëtzebuerger Staat. Ronn 80% vun de Recette kommen aus der Staatskeess. D’Gesetz vum 14. Dezember 2016, déi sougenannte Gemengefinanzreform war ee Paradigmewiessel am Finanzéierungssystem vun de Gemengen am Grand-Duché. Konkret sinn d’Modifikatioune vum kommunale Finanzéierungssystem verbonne mat der Participatioun vun de Gemengen un der staatlecher Dotatioun, der Partizipatioun vun de Gemengen un der Gewerbesteier, dem Bäitrag vun de Gemengen zum Beschäftegungsfong, souwéi der Ofschafung vum Bäitrag vun de Gemengen beim Finanzement vum Schoulpersonal an der Grondschoulausbildung.

D’Verdeelung vum ganze Fong un d’Gemenge baséiert op engem Basis Forfait, Critèrë bezunn op déi ugepasst Populatioun (82%), d’Zuel vun den Aarbechtsplazen (3%), den Indice socio-économique (9-10%), d’Zuel vu Sozialwunnengen (0-1%), souwéi déi total ugepasst Gemengefläch (5%).

Wat seet d’Circulaire vum 15. Oktober 2020? -11,5% fir de Budget rectifié 2020 a -5,4% fir de Budget 2021. Fir Mäerzeg bedeit dat 6,2 Mio € am Rectifié 2020 a 6,6 Mio € am Budget 2021.

Insgesamt belafen sech eis ordinär Recetten am Rectifié 2020 op 7,3 Mio € an 7,8 Mio € am Budget 2021.

D’Sécherheetsmécanismen fir eng Iwwerschëldung ze evitéieren sinn:

  • Boni ordinaire vum Budget ≥ 0 ;
  • Résultat définitif vum Budget ≥ 0 (après emprunt éventuel) ;
  • Annuitéit vun den Emprunts < 20% vun de Recettes ordinaires.

Déi leschte Valeur ass fundamental: am Budget rectifié 2020 wéi e virläit si mir beim Ratio 5,46% mat den 2 Mio € Emprunt déi virgesi sinn an déi mir och wäerten zéien bis spéitstens den 30. Abrëll 2021, wéi mir grad ofgestëmmt hunn. D’Gesamtschold vun der Gemeng beleeft sech dee Moment op 7,2 Mio €.

 

Mir huelen et net virweg. Mir hunn eis vill virgeholl a setzen dat konsequent em. Dat kascht Geld. Fir dat wat mir gestëmmt hunn ze bezuelen ass am Budget 2021 e weideren Emprunt vu 5 Mio € virgesinn. Op d’ganzt Joer gekuckt wier de Ratio vun der Annuitéit vun den Emprunts dee Moment bei 7,61%, also nach wäit ewech vun den 20%, an d’Gesamtschold vun der Gemeng léich bei 12,2 Mio €. Déi betreffend Annuitéit vun den Emprunts fannt dir op der S. 26 bei den Dépenses ordinaires: 350.000.- € fir de Rectifié 2020 a 520.000.- € fir 2021.

D’Emprunts stinn am Budgetdokument op der S. 57 bei de Recettes extraordinaires.

Wat hu mir eis virgeholl fir 2021? Wat sinn déi grouss Investissementer?

 Gemengenhaus : 1.308.346,37.- € am Rectifiée 2020 + 3.150.000.- € am Budget 2021 (S. 61 Dépenses extraordinaires).

Ee Subside vu 640.000.- € krut d’Gemeng vum Inneministère provisoresch zougesot (S. 57 Recettes extraordinaires). Aner méiglech Subside ginn ugefrot, notamment beim Familljeministère am Kader vun der inklusiver Renovatioun am Sënn vum „Design for all“ Konzept. Do ass de « Projet de loi n° 7346 portant sur l’accessibilité à tous de lieux ouverts au public, des voies publiques et des bâtiments d’habitation collectifs » aktuell nach ëmmer an der Prozedur a mir behalen deen am Aen.

Op d’Loyeren vun den 2 Container wéilte mir gäre verzichten (530.000.- €/Joer). Dir sidd awer mat eis eens dass sou gutt fir d’Gemeng wéi och fir d’Schoul keng aner Méiglechkeet do war an ass. An déi Container wäerten eis och déi nächst Joer nach déi néideg Flexibilitéit ginn am Kader vum Ausbau Schoul & Maison Relais wou mir natierlech och wärend dem Chantier de Schoulbetrib weider assuréiere mussen, ganz dovunner ofgesinn dass dës Gebaier tiptop Aarbechtskonditioune bidden an enger Iwwergangsphas.

De Mammutprojet Ausbau Schoul-MR-Sportshal wéi en Ufank vum Joer stoung hu mir, och Covid19 bedingt, an 3 Phasen opgedeelt, mam Zil awer an der éischter Phas de Maximum hinzekréien: d’Schoul op ee Site ze huelen (C1 bis C4), d’Containeren opzeginn, och fir de C1, eng nei Produktiounskichen fir de Schoulrestaurant (fir de Veräiner nees d’Kichen am Centre Turelbaach zur Verfügung ze stellen), d’Ëmsetzung vum Lernlandschaft-Konzept mam Projet intégré, d.h. d’Schoul a Maison a Relais schaffen an Zukunft vill méi Hand an Hand. Pro Cluster (1 Cycle), gëtt et eng „Maartplaz“, ronderëm si Klassesäll.

Ech wiederhuelen eise Programm: eng vun den Haaptprioritéiten ass d’Schoul an d’Maison Relais kannergerecht ze gestalten. D’schoulesch Infrastrukture sollen zesumme mat all de Schoulpartner – Enseignante, Educateure, Elteren – iwwerduecht ginn fir ee méi motivéierend, gesond an altersgerecht Ëmfeld ze bidden. An dëser Optik solle bei Renovatiouns-oder Neibauprojeten d’Qualitéit an d’Funktionalitéit vun den Infrastrukturen, banne wéi baussen, konsequent verbessert ginn.

Den Avant-projet sommaire (APS) krute mir d’lescht Woch, och an enger ganz konstruktiver Aarbechtssitzung, all zesumme presentéiert. Den Avant-projet détaillé (APD) gëtt ausgeschafft a mir wäerten am Abrëll-Mee 2021 prett sinn fir eng Decisioun ze treffen.

Déi 2. Phas (Sportshal) an 3. Phas (Aktivitéitsraim fir d’Maison Relais a separaten Précoce) si no hanne geréckelt a loossen dem nächsten Gemengerot all Handlungsfräiraum. Fir der Gemeng eng Planungssécherheet ze ginn wou se vill Geld spuert, ass a bleift et wichteg d’Gesamtkonzept oder de Masterplang ze maachen deen och bei der 1. Phas presentéiert gëtt, natierlech awer net zum Vote steet, dat wier onverantwortlech.

Aner noutwendeg a wichteg Investissementer sinn:

Rue de l’école : 300.000.- € am Rectifié 2020 + 2.000.000.- € fir 2021 (S. 65 Dépenses extraordinaires);

Maison Nicky Besch : 930.000.- € + 80.000.- € (devis 45.000.- €) = 1.010.000.- € (S. 68 Dépenses extraordinaires);

Reaménagement a Vergréisserung vum Parking : 400.000.- € (S. 61 Dépenses extraordinaires).

Kolleginnen a Kollegen,

Mir gedenken all de Mäerzeger déi eis déi lescht Méint verlooss hunn a sinn a Gedanken bei de Famillen an Trauer. Traureg Ëmstänn hunn erginn dass d’Gemeng séier huet missten handelen betreffend d’Neigestaltung vum Parking hannert der Gemeng. Déi ganz Plaz hannert dem Gemengenhaus gëtt nom Nicky Besch genannt, nodeems de Nicky eis am Fréijoer dëst Joer onerwaart verlooss huet, a nodeems de Gemengerot dem Kaf vu sengem Haus a der leschter Sitzung de 26. November 2020 eestëmmeg zougestëmmt huet. Fir de Parking méi iwwersiichtlech a sécher ze gestalten, si mir zesummen an enger Aarbechtssitzung zum Kompromëss komm dass et besser ass den Terrain vum Haus mat an de Parking-Projet ze integréieren, sou dass d’Haus leider ofgerappt muss ginn. Duerch de Numm vun der Plaz setze mir dem Nicky Besch, ënnert anerem wärend 84 Joer engagéierte Sänger an der „Chorale Ste Cécile Mäerzeg“, een Denkmal. Dëse Chantier ass och fir 2021 virgesinn a kann dann parallel mam Chantier vun der Gemeng 2022 ofgeschloss ginn.

Fir d’Rue Zechel gesi mir 300.000.- € vir. Aktuell studéiere mir awer och mam Bureau Schroeder & Associés ob d’Méchelboucher Strooss net virgezu muss ginn wéinst dringende Kanalaarbechten an och wéinst Aarbechten und der “Ringleitung” vum Drénkwaasser-Réseau. Mir sinn dowéinst och a Gespréicher mat Ponts & Chaussées an halen iech do um lafenden.

Mir investéieren weider massiv a Foussgängersträifen fir PMR (personnes à mobilité réduite) a Sécherheetssignalisatioun: 150.000.- €.

Am Bësch „Säitert“ kritt Mäerzeg ee Bëschkierfecht, nom ärem Accord de principe och an der leschter Sitzung. De Projet ass approuvéiert a gëtt Enn 2021 realiséiert. Mir gesinn 100.000.- € am Budget 2021 vir. Am Fréijoer gi mir all zesummen puer Bëschkierfechter kucken a loossen eis dann de präzisen Devis ausschaffen mat deem wat mir wëlle realiséieren. Donieft huet de Gemengerot d’Prozedur lancéiert fir eng gréisser Zon vum Bësch als „Natura2000“ Naturschutzgebitt ze klasséieren wou dann och een didaktesche Léierpad ausgeschafft gëtt.

Fir de Gemengepark opzefrëschen gesi mir och 100.000.- € vir.

Wichteg Investissementer stinn un bei allem wat mat eiser Waasserinfrastruktur ze dinn huet:

  • Druckminderer am Waasser-Réseau (Vichterpaad & Um Bierg): 200.000.- €;
  • Intelligent Waasserzieler: 130.000.- €;
  • Canalisatiounaarbechten Latterbaach: 40.000.- €;
  • Wasserschächt an de Wisen (12x): 75.000.- €.

Fir d’Haaptstrooss vun der Kierch bis bei d’Gemeng méi sécher ze gestalten, hu mir eng Etude an Optrag ginn. Dëse Projet huet sécher awer nach Zäit. Fir d’éischt solle mir eis op de Schoulprojet konzentréieren.

D’Feldweeër „Viichterlach“ a „Fuessend“ gi fir respektiv 49.500.- € an 125.000.- € neigemaach. Wéi dir wësst sinn dat Projeten déi d’ASTA ausschafft.

Eis Regie gëtt weider equipéiert a moderniséiert: den Trakter ass geliwwert ginn (250.000.- € am Rectifié 2020; 70.000.- € am Budget 2021 fir weider Accessoiren) ; en emweltfrëndlechen „Unkrautentferner“ ass virgesinn fir 70.000.- €. Am Atelier ass och nach eng Isolatiountrennwand vun 32.000.- € virgesinn.

Mir hunn de 26. November 2020 och eestëmmeg de Compromis de vente ugeholl deen de Schäfferot mat der Madamm Anny Gilson-Schaack ënnerschriwwen huet. Mir hunn eis op de Präis vun 450.000.- € geeegent. D’Gemeng Mäerzeg gëtt Proprietär vum „Turelbaacher Schlass“ an huet sech engagéiert fir dëse Site der Allgemengheet zougänglech ze maachen an ënnert anerem d’Wierk vum Pol Gilson ze honoréieren. Et ass ee Stéck Geschicht vun eiser Gemeng, een Deel vun eisem Patrimoine, an dofir Merci iech alleguer dass dir dee Wee matgitt, och an engem finanziell méi schwierege Kontext.

Wat kann een sech um Site vum Turelbaacher Schlass virstellen? Naturschutzprojeten; Abanne vum Site an ee lokale Wanderwee (z.B. Sentier „Turelbaach“); een edukative Site am Genre „Centre de jeunesse Marienthal“ mat Ateliers pédagogiques fir parascolaire Aktivitéiten, Kolonien, asw.; klenge Musée zum Mäerzeger Steen; am Beräich Tourismus: d’Méiglechkeet fir „logements insolites“ ze schafen am Kader vum „Slow‐Tourism“ Projet, an Zesummenaarbecht mam Kanton Réiden, Leader Atert-Wark, ORT‐Guttland an Tourist InfoPoint Atert‐Wark. Wéi dir wësst steet als éischt d’Prozedur fir de nationale Klassement vum Schlass als „Monument national“ um Programm. Mir preparéieren dësen Dossier a stëmmen iwwert de Prinzip am nächste Gemengerot.

Mir därfe net fäerten. Ouni Courage, oder mat Angscht maache mir eis Gemeng net fit fir d’Zukunft. D’Finanzanalys an déi verschidden „Screenings“ hu mir an An a mir handele virsichteg a responsabel mat der néideger Wäitsiicht. Mir gesi wat do méiglech ass a bleift, souguer an engem katastrophalen Zenario. Wa mir haut net weider investéieren, wéini dann? A mir kënnen eis et erlaben, gewëss iwwert Emprunts, mee d’Konditioune fir ze léinen sinn extrem favorabel mat der Méiglechkeet d’Emprunte mat engem fixen Taux op 20 Joer ze engagéieren. Déi Chance solle mir notzen an d’Gemeng kritt d’Schold gutt rembourséiert, wéi virdrun erkläert. Doriwwer eraus encouragéiert eisen Tutelle’s-Minister an der Circulaire d’Gemengen fir d’Investissementer héich ze halen. Virun allem elo, wou de Staat an d’Gemengen gefuerdert sinn fir d’Relance économique ze begleeden.

De Schäfferot huet d’Gefill dass mir eis all zesummen als Gemengerot déi lescht Wochen a Méint gerappt hunn an dass d’Efforten an d’Aarbecht unerkannt ginn, wéi och d’Marche-route déi mir eis ginn hunn mam politesche Programm.

Et ass net de Moment fir eis Gemeng, d’Kanner, d’Leit an d’Entreprisen am Stach ze loossen. De Schäfferot wëll aus deem Grond konsequent seng Investissementspolitik op héigem Niveau halen fir esou an enger nohalteger wirtschaftlecher Relance mam Staat am Réck un engem Strang ze zéien.

Et gëtt vill vun eis verlaangt. D’Erwaardunge si grouss, mat Recht. Komm mir paken et dofir un a stellen d’Weichen fir d’Suite vun den Investissementer an d’Zukunft a stëmmen de Budget rectifié 2020 an de Projet Budget 2021.

Den Débat ass op!

 (…)”

 

a. Budget 2020 rectifié

Après débat et discussion, le Conseil communal a approuvé avec 5 voix (le Bourgmestre Mike POIRÉ, les Échevins Stefano D’AGOSTINO et Isabelle ELSEN-CONZEMIUS ainsi que les Conseillers Fernando FERREIRA et Myriam HANSEN) contre 3 voix (les Conseillers Amaro GARCIA GONZALEZ, Luc WEILER et Mady BORMANN-WEBER) le budget rectifié de l’exercice 2020 qui se présente comme suit:

b. Budget 2021

Après débat et discussion, le Conseil communal a approuvé avec 5 voix (le Bourgmestre Mike POIRÉ, les Échevins Stefano D’AGOSTINO et Isabelle ELSEN-CONZEMIUS ainsi que les Conseillers Fernando FERREIRA et Myriam HANSEN) contre 3 voix (les Conseillers Amaro GARCIA GONZALEZ, Luc WEILER et Mady BORMANN-WEBER) le Budget pour l’année 2021 qui se présente comme suit :

7. Communications

Le Collège des Bourgmestre et Échevins a informé le Conseil sur les projets et dossiers d’actualité ainsi que sur les travaux à court et moyen terme.

Clôture de la séance à 12h50

A télécharger

Aller au contenu principal