Chargement Évènements

« Tous les Évènements

  • Cet évènement est passé

Regionale Klimaforum

8/10/2022 @ 09:00 - 18:30 CEST

Informatiounen

Den 8. Oktober 2022 fënnt ab 9h00 de Klimaforum « Energy4all » am Centre Turelbaach zu Mäerzeg statt.

De ganze Programm fannt Dir um Flyer. De Link fir d’Umeldung fannt Dir hei oder um Flyer via QR Code.

Nohalteg Organisatioun

D’Gemeng probéiert am Kader vun dësem Evenement de Label “Green Events” ze kréien. (https://www.greenevents.lu/)

Mir versichen d’Evenement nohalteg ze organiséieren an ëmweltfrëndlech Alternativen ze fannen déi et erlaben eisen ekologesche Fouss Ofdrock esou kléng wéi méiglech ze halen!

Fir dëst ze garantéieren, hunn mir folgend Moossnamen gehol, fir de Ressourcëverbrauch ze reduzéieren:

  • Mir promovéieren d’Offallvermeidung/trennung
  • Mir benotze recycléierte Pabeier fir d’Publicitéit
  • Mir promovéieren déi douce Mobilitéit
  • Mir notzen ekologesch Botzmëttel
  • Mir benotzen rëmbenotzbaart Material (Deko, etc.)
  • De Catering besteet aus regionalen, Bio- an Fairtrade Produiten

Transport

Wat fir eng Transportmëttel kënnt Dir benotzen fir op de Klimaforum ze kommen:

– Bus: (www.mobiliteit.lu)

  • Ligne 911 : LUX, Centre – Saeul – Mertzig (Busarrêt « MERTZIG, Gemeng »)
  • Ligne 935 : Ettelbruck – Mertzig – Rambrouch (Busarrêt « MERTZIG, Gemeng »)

– Vëlo: (Réseau cyclable)

Virum a nieft dem Centre Turelbaach stinn Iech Vëlosstänner zur Verfügung.

Détails

Date :
8/10/2022
Heure :
09:00 - 18:30 CEST

Lieu

Centre Turelbaach
22 Rue Principale
Mertzig, 9168 Luxembourg
+ Google Map
Aller au contenu principal