Vereedegung vum neie Schäffen- a Gemengerot

De neie Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Mäerzeg si vereedegt!

D’Inneministesch Taina Bofferding huet de Buergermeeschter Mike Poiré an d’Schäffen Stefano D’Agostino a Lex Schwind am Inneministère vereedegt.

De Buergermeeschter huet d’Gemengeconseilleren Marcel Barros, Lena Gomes, Claude Fischer, Myriam Hansen, Carine Piette a Luc Weiler op der Gemeng vereedegt:

« Je jure d’observer la Constitution et les lois et de remplir ma fonction avec intégrité, exactitude et impartialité. »

De neie Gemengerot hat och scho seng éischt Sitzung mat e.a. der Deklaratioun vun der Schäfferotserklärung an der Schafung vun de konsultative Gemengekommissiounen!

 

Aller au contenu principal