Aërt Kand huet Schwieregkeeten a verschiddene Fächer. Et kritt sech net richteg organiséiert an huet déi ideal Method nach net fonnt, fir ze léieren oder et traut sech wéineg zou. Dir hutt net genuch Zäit / Méiglechkeeten, fir Äert Kand ze ënnerstëtzen oder dir kritt iech an d`Hoer, wann dir zesumme léiert.
Fannt eng effikass Léisung: Senioren, déi Nohëllefstonne ginn !
Wie si mir ?
E Service fir Nohëllefstonnen, koordinéiert vum MEC asbl, mat motivéierte Senioren, déi eng extra Formatioun gemaach hunn, an déi Loscht hunn hiert Wësse weiderzeginn a mat Kanner aus dem Fondamental, déi Problemer mam Léierstoff an der Schoul hunn, ze schaffen.
Wéi funktionéiert de Service ?
- E Rendez-vous tëscht dem MEC asbl, den Elteren an dem Kand fir zesummen ze definéieren, wéi a wou d’ Nohëllefstonne stattfannen
- Duerno gëtt eng Entrevue tëscht dem MEC asbl, den Elteren, dem Kand an dem Senior organiséiert
- Eng professionell Begleedung vun den Aktivitéiten
- D’Eltere bezuelen eng Bedeelegung vun 10.- Euro pro Seance (1 Stonn), Leit déi Sozialhëllef bezéien, bezuele 5.- Euro
Nohëllefstonne vu Seniore fir Kanner: eng Offer, déi nëmme Virdeeler huet!!
- Senioren hu vill Liewenserfarung an Tricken, déi se gäre mat de Kanner deelen
- Senioren hu méi Gedold
- Senioren hu méi Zäit an ëmmer en oppent Ouer
- D’Kand kritt méi Selbstvertrauen a seng Fäegkeeten
- D’Nohëllefstonne fannen an engem neutrale Kader statt, ouni Alldagsstress a Streidereien
Contact
De schoulesche Begleedungservice gëtt vun der MEC asbl ugebueden an Zesummenaarbecht matt denen 10 Gemengen aus dem Réidener Kanton, an de Gemenge Bissen, Colmer-Bierg a Mäerzeg.
MEC asbl
9, rue André Duchscher
L-6434 Echternach
Tél.: 26 72 00 35 | 621 66 92 12
info@mecasbl.lu
www.mecasbl.lu