Romain Schwind, 31 Joer am Dingscht vun der Mäerzeger Gemeng

De Romain Schwind, gebierteg vun Ierpeldeng op der Sauer, wunnt zënter 1988 zu Mäerzeg an ass den 1. August 1990 agestallt gi vun der Gemeng Mäerzeg als Gemengenaarbechter.

De Romain ass een Handwierker duerch an duerch an huet 1980 seng Léier ugefaang als Zëmmermann am Familljebetrib vu sengem Monni, dem Willy Schwind. Nom Ofschloss vun der Geselleprüfung huet hien bis 1990 do geschafft a vill praktesch an theoretesch Erfarunge gesammelt, virun allem och aus aneren Handwierksberuffer: Daachdecker, Dachklempner a Schräiner am Bau.

1990 war Mäerzeg eng kleng Gemeng mat knapps 1100 Awunner. 4 Gemengenaarbechter waren agestallt an an der Verwaltung hunn 2 Beamte geschafft, de Sekretär an de Receveur.

Lues a lues ass d‘Gemeng ëmmer méi gewuess an Enn de 1990er Joren huet de Romain d’Relève geholl als Viraarbechter. 2001 ass, am Kader vun der rasanter demographescher Entwécklung vun der Gemeng, och den 1. Gemengentechniker agestallt ginn.

De Schäffen- a Gemengerot, zesumme mam Gemengepersonal, huet dem Romain Schwind „Merci“ gesot fir alles. Zënter dem 1. Mee 2021 ass de Romain offiziell an der wuelverdéngte Pensioun.

Hei ass e kuerzen Extrait aus der Usproch vum Buergermeeschter, Mike Poiré:

Romain, Du hues wärend denger ganzer Carrière jiddereen iwwerzeegt. Du hues d’Gemeng mat gepräägt duerch Kompetenz, Professionalitéit, Eegeninitiativ, Asaz, Frëndlechkeet an enger enorm grousser Hëllefsbereetschaft. 7 Deeg op 7. 24 Stonnen op 24. Du waars a bass ee „Serviteur de l’Etat“, vun der Gemeng Mäerzeg, eng Eegenschaft déi all Mataarbechter am ëffentleche Déngscht matbrénge soll.

Nieft der alldeeglecher Aarbecht hues Du am Laf vun de Joren awer och däi kënschtlerescht Talent a verschidden ëffentlech Infrastrukturen afléisse gelooss. Ech picken der nëmme puer eraus: d’Konschtwierk am Kreesverkéier an der Rue de l‘Ecole, déi 11 Statioune vum Themewee, d’Naturspillplaz am Laange Pesch, d’Bicherbox, d’Givebox, a rezent nach de Bau vun der 12. Statioun vum Themewee mam Thema #Mertzig4all droen déng Handschrëft.

Du hues d’Equipe awer och ëmmer bei all dëse Projete mat abezunn, ganz no dengem Lieblingsproch deen ech perséinlech vun Dir geléiert hunn: „Toll, ein anderer machts!“, däin Akronym vun TEAM! J

31 Joer vun denger berufflecher Carrière hues du fir d‘Gemeng Mäerzeg geschafft. Elo fänkt eng nei Etapp an dengem Liewen un. Eng grouss Etapp!

Am Numm vun all de Mäerzeger soe mir alleguer Dir villmools Merci fir d’Aarbecht iwwert all déi Joren am Déngscht vun de Mäerzeger Leit a vun der Gemeng. Mir wënschen Dir nëmmen dat Bescht. Genéiss déng Pensioun, zesumme mat denger Famill a Frënn! (…).

D’Gemeng huet an enger spontaner Feierstonn dem Romain, a senger léiwer Fra, dem Brigitte, e klenge Kaddo iwwerreecht.

Aller au contenu principal