Reality Game

„Reality Game“ ass en Theater vu Jonke mat Themen, déi si am Alldag beschäftegen, wéi Kontroll/ Friembestëmmung, Mutt, Streit, Drama, „Wat ass wouer, wat ass Fake?“, Gaming/Medien (Noriichten, Sozial Medien, Reality TV) ,a villes méi. D‘Stéck ass fir all Alter, fir d’Realitéit vun de Jonke wouer ze huelen an ze verstoen.

Déi Jonk an d‘Personal vun der Nordstadjugend asbl, wiere frou, Iech op engem vun deenen zwee Deeg empfänken ze dierfen an Iech dës flott Realisatioun virzestellen an sou d’Aarbecht vun de Jonken a sämtleche Matwierkenden ze valoriséieren.

D‘Virstellungen sinn den 23.09.2022 oder den 24.09.2022 um 19:00 am CAPE Ettelbréck.

Fir weider Detailer oder Tickete ze bestellen gitt op: http://noju.nordstadjugend.lu/feacuteier-eng-op.html

Aller au contenu principal