Neien « Autopedestre Mäerzeg » ronderëm d’Turelbaacher Schlass

De 24. Mee 2023 war den Här Minister fir Tourismus, Lex Delles, zesumme mat senge Beamten a Vertrieder vu Visit Guttland op Besuch zu Mäerzeg.

No enger Entrevue mam Schäfferot am Gemengenhaus an der Präsentatioun vum Entwécklungskonzept ronderëm d’Turelbaacher Schlass war et och de Moment fir um Site selwer, zesumme mam Gemengerot a Gemengepersonal, de neien « Autopedester Mertzig » anzeweien.

De Startpunkt vun dësem 8 km laange Wanderwee ass direkt bei der Gemeng a féiert bei d’Turelbaacher Schlass, offizielle « Patrimoine culturel national » zënter September 2022, an d’Liewenswierk vum Här Pol Gilson.

An enker Zesummenaarbecht mam Kultur-, Ëmwelt- an Tourismusministère an all senge Partner féiert d’Gemeng Mäerzeg d’Aarbechten an de nächste Méint konsequent weider a freet sech op dat wat kënnt !

#turelbaach #turelbaacherschlass #patrimoine #kultur #slowtourism #wanderlust #visitluxembourg #naturschutz #emwelt #mertzig4all

Aller au contenu principal