2025 ass e besonnescht Joer fir d‘Gemeng Mäerzeg.
Nieft deene villen Evenementer vum Gebuertsdagsjoer si mir houfreg, datt déi national Meeschterschaft am Stroossevëlo bei eis an der Gemeng stattfënnt, eng Organisatioun vun der „Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois“ (fscl.lu) an der „Union Cycliste du Nord Ettelbréck“ (ucne.lu).
D’Evenement gëtt vum 26. bis de 29. Juni 2025 ofgehalen.
Kommt a feiert mat eis – erlieft Passioun, Leeschtung an eng festlech Stëmmung!