Message de la part de De Kär Asbl
LU
Är Meenung ass eis wichteg!
Beim Leader Projet DigiBeki geet et drëms, de Beki, eist Regionalgeld vum Réidener Kanton, ze digitaliséieren an Iech d’Bezuele mat Ärem Smartphone ze erméiglechen.
Fir dëst optimal ze präparéieren, biede mir Iech ëm Ären Avis. Mir hunn dofir eng Ëmfro opgestallt a géifen eis freeën, wann Dir deelhuele géift. Fir matzemaachen, kënnt Dir einfach de QR-Code hei ënne scannen oder Dir gitt op: https://www.surveymonkey.com/r/bekipay.
Am Viraus, villmools Merci!