Le groupe de support psychologique du CGDIS recrute

De Corps grand-ducal d’incendie et de secours rekrutéiert fräiwëlleg Membere fir de Groupe de support psychologique (GSP).

Dësen Groupe d’intervention spécialisé (GIS) vum Corps grand-ducal d’incendie et de secours garantéiert eng zäitno psychologesch Prise en charge vu Victimen, oder Hannerbliwwenen, no schwéieren Accidenter oder Katastrophen. Ausserdeem encadréieren si Ekippe vum CGDIS déi op schwéieren Asätz hu missen intervenéieren.

Conditions d’accessibilité

Fir sech beim GSP ze bewerbe muss een:

  • Mindestens 22 Joer al sinn ;
  • Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséich schwetzen
  • En aktive Member beim Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) sinn, oder bereet sinn Member ze ginn.
  • Disponibel sinn déi ganz Formatiounen vun engem Joer matzemaachen, déi néideg sinn fir d’Memberen beim GSP ze ënnerstëtzen.
  • Disponibel sinn fir Déngscht ze maachen an de Missioune vum GSP no ze goen.
Aller au contenu principal