Méchelbucherstrooss / Rue de Michelbouch
De grousse Chantier ass elo a senger 1. Phas ofgeschloss. Mir soe merci fir d’ Gedold a si frou dass e.a. d‘Haaptdrénkwaasserleitung elo nees a perfektem Zoustand ass. An Zesummenaarbecht mat „Ponts & Chaussées“ gouf d’Verkéiers- an d’Foussgängersécherheet optimiséiert. D’„Trottoirs traversants“ aus de Niewestroossen waren eng Obligatioun fir d’Autorisatiounen ze kréien.
Déi 2. Phas am ënneschten Deel zu der Haaptstrooss ass och ofgeschloss. D’Parkplazen laanscht d’Strooss bei der „Aler Post“ sinn och eng Obligatioun vu „Ponts & Chaussées“.
An enger leschter an 3. Phas gëtt eng Verkéiersberouegung mat 30er Zon tëscht der Kräizung Méchelbucherstrooss/Rue de l’école an der Haaptstrooss ëmgesat, dëst och an Zesummenaarbecht mat „Ponts & Chaussées“. Viraussiichtlech starten dës Aarbechten Mëtt 2026.
Rue Zechel / Butzebierg
D’Aarbechten an der „Zechel“ si bis bei de „Kaulepad“ komplett ofgeschloss. Leider huet d’Entreprise déi fir d’Aarbechten zoustänneg war, Faillite mussen erklären. D’Gemeng ass awer dobäi eng Léisung ze fanne fir mam Rescht vum Chantier an der Rue „Butzebierg“ schnellstméiglech kënne weiderzefueren. Am Prinzip ginn d’Aarbechten ab Mäerz/Abrëll 2026 vun enger anerer Firma iwwerholl.
PAP Rue de Dellen – Bezuelbare Wunnraum
D’Infrastrukturaarbechte vum Projet „Bezuelbare Wunnraum“ sinn ofgeschloss. D’Ausschreiwung fir d’Baue vu 6 jumeléierten Eefamilljenhaiser ass och ofgeschloss an d’Entreprise „Peters Smart Group“ krut den Optrag fir de Bau vun den Haiser iwwert eng ëffentlech Ausschreiwung. De Moment lafen d’Terrassementsaarbechten vun deenen eenzelnen Haiser. Zousätzlech leeft d’Auswäertung vun all den Dossieren déi am Delai agereecht gi sinn. D’Haiser ginn an de nächste Méint schlësselfäerdeg gebaut. Enn 2027 ass alles fäerdeg.
Haaptstrooss an nei Schoul – Maison Relais
Am Kader vun der Verkéierssécherheet op der Haaptstrooss huet de Gemengerot eestëmmeg, mam Accord vu „Ponts & Chaussées“ an dem Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, eng 30er Zon gestëmmt op engem Tronçon vun 360m, vun der Kierch bis bei d’Gemeng. D’Prioritéit ass d’Sécherheet vun de Foussgänger, de Schoulkanner an de Vëlosfuerer. Fir d’Chauffeuren vun all de Gefierer gëllt et méi lues ze maachen. D‘Entreprise L-Travaux huet mat den Infrastrukturaarbechte dësen Dezember op der Héicht vun der Strooss Fléitz ugefaang. Am Januar ginn d’Aarbechten Richtung Gemeng virun fir bis d’Mëtt vum Joer ofzeschléissen.
De Chantier vun der neier Schoul – Maison Relais leeft no Plang. Déi nei Schoulinfrastruktur an d’Strooss sinn am Summer 2026 fäerdeg an d’Rentrée 2026/2027 fënnt dann an der neier Schoul statt!
No enger Rei vu Workshops an engem partizipative Prozess mat de Schoulkanner, den Elterevertrieder an all de Schoulpartner ass d’Planung vun den Alentouren an dem neie naturnoe Schoulhaff och gutt fortgeschratt. Am Kader vum Appel à projets „Méi Natur an eise Stied an Dierfer“ vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, bei dem d’Gemeng matgemaach huet, hu mir den 1. Präis krut, wat eis eng staatlech Ënnerstëtzung vun 500 000.- € erméiglecht.
De Planning vum naturnoe Schoulhaff gesäit esou aus, dass no der Rentrée 2026/2027 d’Container hannert der Sportshal ofgebaut ginn. Ufank 2027 kann de Bagger da rullen fir den neie Schoulhaff ze bauen, mam Zil, fir dësen ab der Rentrée 2027/2028 fäerdeg ze hunn.
Laange Päsch – Spillplaz
D’Spillplaz am “Laange Päsch” ass leider an engem ganz schlechten Zoustand a muss aus Sécherheetsgrënn zougemaach an entsuergt ginn. D’Holz ass faul. Si gëtt nees nei opgebaut. Am Kader vum Duerfentwécklungsplang sinn do och partizipativ Ateliere geplangt. Och d’Weeër laanscht d’Baach an de Beräich vun der Petanque-Piste sollen nei amenagéiert ginn.
Rue de Michelbouch
La première phase du chantier d’envergure est désormais terminée. Nous vous remercions pour votre patience et nous sommes soulagés que le réseau de l’eau potable soit à nouveau en parfait état. En collaboration avec l’Administration des Ponts et Chaussées, la circulation et la sécurité des piétons ont été optimisées. Les « trottoirs traversants » étaient une condition afin d’obtenir les autorisations.
La deuxième phase, dans la partie inférieure, est achevée. L’aménagement des places de stationnement le long de la rue, au niveau de l’ancienne Poste, était encore une obligation octroyée par l’Administration des Ponts et Chaussées.
Dans le cadre de la troisième et dernière phase, une zone de circulation apaisée limitée à 30 km/h sera aménagée entre l’intersection rue de Michelbouch/rue de l’Ecole et la rue principale. Le début de ce chantier est prévu pour mars/avril 2026.
Rue Zechel / Rue Butzebierg
Les travaux dans la rue Zechel sont achevés jusqu’au « Kaulepad ». Malheureusement, l’entreprise en charge de ce chantier a été contrainte de déclarer faillite. La Commune est cependant en train de trouver une solution permettant de poursuivre l’exécution du reste des travaux au niveau de la rue Butzebierg dans les meilleurs délais. En principe, les travaux seront repris par une autre entreprise à partir de mars/avril 2026.
PAP Rue de Dellen – Logement abordable
La procédure de soumission pour la construction de six maisons unifamiliales jumelées est désormais achevée, et le marché a été attribué à l’entreprise « Peters Smart Group ». Les travaux de terrassement des différentes maisons sont actuellement en cours. Parallèlement, l’évaluation de l’ensemble des dossiers remis dans le cadre du projet est en cours de traitement. Les maisons seront construites et achevées « clés en main » d’ici fin 2027.
Rue Principale et nouveau complexe scolaire
Dans le cadre de la sécurité routière sur la rue principale, le Conseil communal a voté à l’unanimité, avec l’accord de l’Administration des Ponts et Chaussées et du Ministère de la Mobilité et des Travaux Publics, l’aménagement d’une zone à 30 km/h sur un tronçon de 360m allant de la Mairie jusqu’à l’Église. La priorité est accordée à la sécurité des piétons, des écoliers et des cyclistes. Les conducteurs de tous les véhicules sont priés de ralentir. L’entreprise L-Travaux a entamé, au cours du mois de décembre, les travaux d’infrastructure au niveau de la rue Floetz. Les travaux se poursuivront à partir de janvier au fur et à mesure pour être achevés au niveau de la Mairie vers juillet 2026.
Le chantier de la nouvelle Ecole – Maison Relais progresse conformément au calendrier. Les nouvelles infrastructures scolaires ainsi que la voirie seront achevées durant l’été 2026, de sorte que la rentrée 2026/2027 pourra se dérouler dans les nouveaux bâtiments.
Après une série d’ateliers dans le cadre du processus participatif avec les écoliers, les représentants des parents d’élèves et tous les partenaires scolaires, la planification de la nouvelle cour d’école dans la nature a bien avancé. Dans le cadre de l’appel à projets « Méi Natur an eise Stied an Dierfer » lancé par le ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité, nous avons gagné le 1er prix. Cette distinction permet de bénéficier d’une subvention étatique à hauteur de 500 000.- euros.
Le planning de la cour d’école prévoit que les conteneurs ainsi que l’espace autour seront démontés après la rentrée 2026/2027. À partir de 2027, les travaux pourront commencer afin de construire la nouvelle cour d’école, avec pour objectif de pouvoir l’inaugurer dès la rentrée 2027/2028.
Laange Päsch – Aire de jeux
L’aire de jeux au « Laange Päsch » est malheureusement dans un très mauvais état et doit être fermée et recyclée pour des raisons de sécurité. Le bois est pourri. Elle sera reconstruite. Dans le cadre du plan de développement local, des ateliers participatifs sont prévus. De même, les chemins et les alentours de la piste pétanque seront réaménagés.