D’Gemenge Feelen, Groussbus a Mäerzeg organiséieren dëst Joer déi 4. Editioun vum #bike4all, sonndes 18. September 2022 vun 10.00 bis 18.00 Auer.
Départ a Parcours
Offiziellen Départ ass um 10.00 Auer.
De Startpunkt ass fräi wielbar.
Den Tracé ass ausgeschëldert: et gëtt ee Family- an ee ProTour. De FamilyTour ass fir Famillje mat Kanner an de ProTour fir alleguerten déi motivéiert Cyclisten déi eng Erausfuerderung sichen.
D’Stroosse si fir de Verkéier gespaart: cf. Plang.
Remarque
- Kanner fueren nëmmen a Begleedung vun Erwuessenen!
- D’Cycliste fueren op hir eege Verantwortung a respektéieren de Code de la Route!
Programme
- 10h00 – Départ / Ouverture
- 11h30 – Concert-Apéro mat der « Gaasserockbluesband »
- Marche Gourmande Mäerzeg asbl
- Gegrills (Hamburger, Grillwurscht, Chicken Nuggets, etc.)
- Dësch-Tennis Groussbus-Mäerzeg
- Gedrénks
- FC Sporting Mertzig
- Schampes & Quetschekraut
- 16h00 – Concert mat der « Gaasserockbluesband »
- Kiermesbuden & Knuppautoen
- Fairtrade Stand
- 18h00 – Clôture
Challenge « Du géint de Bierg »
Vu 14.00 bis 16.00 Auer mam Luc um Klapprad
Special guests
- Ralph « Dizzy » Diseviscourt