Campagne Make Bananas Fair 2021

An der Schoul, an der Maison Relais, iwwerall wou mir kënnen, gräift eis Gemeng op Fairtrade Banannen zréck.
Well Fairtrade den eenzegen Zertifizéierungs System ass deen e Mindestpräis fir déi kleng Produzentenubitt – e wichtegt Sécherheetsnetz fir si – an och well Fairtrade Pionéier Aarbecht leescht a Richtung Living Wage fir d’Aarbechter op de Bananne Plantatioune.
Vum 27.09.2021 bis den 10.10.2021 organiséiert d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg d’Campagne Make Bananas Fair. Schléisst Iech un a wielt och Dir Fairtrade Banannen!
Déi sinn 3x gutt: fir Är Gesondheet, fir déi kleng Produzenten an Aarbechter & fir d’Äerd! 
Rezeptideen mat Fairtrade Bananen fannt Dir hei drënner.

Weider Infoen fannt Dir hei: https://www.fairtrade.lu/campagnes-evenements.html

Recettes

Aller au contenu principal