Commissions consultatives – Avis au public / Reminder

LU

Reminder – Kandidatenopruff fir d’Gemengekommissiounen

Fir de Bierger eng aktiv Bedeelegung um Ausschaffe vu Projeten an der Léisung vun eventuell an der Gemeng bestoende Problemer oder der Organisatioun vu Gemengenevenementer ze erméiglechen, kann all Bierger aus der Gemeng seng Kandidatur stellen, fir sech an de berodende Kommissioune vun der Gemeng ze engagéieren. De Schäfferot invitéiert d’Mäerzeger Bierger heimat, sech an d’Kommissiounen anzeschreiwen, déi an der Gemengerotssëtzung vum 14. Juli 2023 vum neie Gemengerot geschaf gi sinn:

  • Sportkommissioun (nei)

Promouvéieren vu sportlechen Aktivitéiten an der Gemeng : Organisatioun vu sportlechen Aktivitéiten an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an/oder de lokale Veräiner. Berodend Begleedung beim Ausschaffen vun de Sport-Infrastrukturen an der Gemeng. D’Gemeng huet sech als Zil gesat, d’Kreatioun vun ëffentlechem Raum fir Sport a Beweegung virunzedreiwen a soumat och « Auto-pédestren », Laf- a Vëlosweeër ze schafen a mateneen ze verbannen. An der Ëmsetzung vun dëse Projeten gëtt d’Gemeng vun der Sportkommissioun ënnerstëtzt.

  • Eventkommissioun

Bedeelegung un der Organisatioun vu Gemengenevenementer : Concert, Theater, Cabaret, Chrëschtmaart, Themenowend, Spektakel, Konferenz, etc.

  • Generatiounsiwwergräifend Kommissioun

Kommissioun fir d’Bierger vun all Alter. D’Kommissioun ass generatiounsiwwergräifend a verbënnt déi jonk an eeler Matbierger mateneen. Ausschaffen vun Iddien a Meenungen fir de Besoinen vun de Generatiounen gerecht ze ginn. Virschléi fir Aktivitéiten an der Gemeng an d’Verbesserung vum Echange tëscht de Generatiounen. Zesummenaarbecht fir d’Entwécklung vum « Plan communal pour l’enfance et la jeunesse ». Zesummenaarbecht mat de Partneren vun der Gemeng: Club « Nordstad Aktiv+ » (anc. Club Senior Nordstad), Nordstadjugend Asbl, le « Jugendtreff Réiden », « Youth and Work ».

  • Gréng Kommissioun

Sensibilisatiounsaarbecht an Organisatioun vun Aktivitéiten am Kader vum Ëmweltschutz an dem Klimawandel. Donieft ass d’Organisatioun vun Evenementer am Kader vun der nohalteger Entwécklung eng Aufgab vun der grénger Kommissioun: « Repair Café », « Kleng Botz », « Grouss Botz », etc. D’Kommissioun befaasst sech ënnert anerem och mat de Sujeten ronderëm d‘« Gemeinwohlökonomie ».

  • Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen (al Integratiounskommissioun)

D‘Integratiounskommissioun beschäftegt sech mat de Froen vun der Integratioun an dem Zesummeliewe an Applikatioun vum ganz neie Gesetz vum interkulturellen Zesummeliewen dat den 1. Januar 2024 a Kraaft trëtt. D‘Ziler vun der Kommissioun sinn doriwwer eraus ganz villfälteg : Chancëgläichheet, Inklusioun, Participatioun, Accueil vun de neie Bierger, etc. D’Ëmsetzung vum « Pakt vum Zesummeliewen » ass eng aner wichteg Aufgab, déi erméiglecht, dass all Persoun aus der Gemeng Zougang op Informatioun a Méiglechkeet op Participatioun huet. D’Organisatioun vun Aktivéiten, déi deem neie Bierger säin Accueil soll erliichteren, ass eng aner Roll vun der Integratiounskommissioun: Noperschaftsfester, « Wëllkommdag », Sproochecafé, « Melting Pot », etc.

  • Schoulkommissioun

Op kommunalem Niveau fënnt d’Partnerschaft tëscht de Schoulautoritéiten, dem Schoulpersonal an den Eltere vun de Kanner iwwert d’Schoulkommissioun statt. Laut dem Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwert d’Schoulorganisatioun am Enseignement fondamental ass d’Kommissioun obligatoresch a seng Missiounen sinn am Artikel 50 vun dësem Gesetz definéiert.

All Mäerzeger Bierger, deen interesséiert ass, sech an enger oder méi Kommissioun(en) ze engagéieren, ass gebieden via Formulaire heidrënner, bis spéitstens de Freideg, 06. Oktober 2023 un d’Gemeng ze schécken. D‘Bedeelegung vun enger Persoun a méi Kommissiounen ass méiglech. De Gemengerot stëmmt d’Membere vun de verschiddene Kommissiounen.

De Schäfferot



FR

Rappel – Appel à candidatures pour les Commissions consultatives

Les commissions consultatives permettent une plus grande participation des citoyens à l’élaboration des projets, à la résolution de problèmes touchant la commune et à l’organisation d’évènements. Le Collège échevinal de la Commune de Mertzig lance un appel à candidatures aux habitants de la Commune de Mertzig pour les commissions consultatives suivantes créées par nouveau Conseil communal lors de sa séance du 14 juillet 2023 :

  • Commission des sports (nouveau)

soutenir les activités sportives récréatives : organisation avec la Commune et/ou les Associations de toutes sortes d’activités sportives, accompagnement de la Commune dans l’élaboration de ses infrastructures sportives. La Commune désire aménager davantage d’espaces publics consacrés au sport et au jeu et continuer de créer, relier et baliser des circuits auto-pédestres ainsi que les sentiers de course, de vélo et de VTT. Elle s’appuiera pour ce faire sur l’avis de la Commission des sports.

  • Commission de loisirs et événements (« Event ») 

Participation à l’organisation de toutes sortes d’activités dans la Commune de Mertzig : concert, théâtre, cabaret, marché de Noël, soirée thématique, spectacle, conférence, etc.

  • Commission intergénérationnelle

Une Commission « tout-âge », sensée créer des ponts entre les générations. Elaboration de toutes sortes d’idées et d’avis relatifs aux besoins des jeunes et moins jeunes dans la Commune, proposition de toutes sortes d’activités pour les personnes jeunes et/ou plus âgées de la Commune, mais aussi d’activités visant à promouvoir l’échange intergénérationnel, contribution au développement du plan communal pour l’enfance et la jeunesse. Collaboration avec les partenaires de la Commune comme par ex. le club “Nordstad Aktiv+” (anc. Club Senior Nordstad), Nordstadjugend Asbl, le “Jugendtreff Réiden”, “Youth and Work”.

  • Commission verte (« Green »)

Mise en place d’activités et de campagnes de sensibilisation visant à promouvoir la protection de la nature et de l’environnement et la lutte contre le changement climatique. Elle contribuera à l’organisation d’événements relatifs au développement durable, tels que les « Repair Café », « Kleng Botz », « Grouss Botz », etc. En outre, elle se consacrera à toute thématique liée à l’Économie pour le Bien commun.

  • Commission du vivre-ensemble interculturel (anc. Commission d’intégration)

Chargée du vivre-ensemble de tous les résidents de la Commune en application de la nouvelle loi sur le vivre-ensemble interculturel qui entrera en vigueur le 1er janvier 2024. Ses objectifs peuvent aller plus loin encore : égalité des chances, inclusion, participation, accueil des nouveaux citoyens, etc. Elle constitue un appui important dans la mise en œuvre du « Pakt vum Zesummeliewen » qui met l’accent sur la communication, l’accès à l’information et la participation de toutes les personnes résidant ou travaillant sur le territoire de la Commune. La Commission fera preuve de créativité pour organiser toutes sortes d’activités visant à faciliter l’arrivée et l’intégration de nouveaux citoyens : fêtes de voisinage, journées d’accueil, café des langues, « Melting Pot », parrainages, etc.

  • Commission scolaire 

Au niveau communal, le partenariat entre les autorités scolaires, le personnel des écoles et les parents d’élèves s’exerce à travers la Commission scolaire qui est un organe consultatif du Conseil communal. Elle est obligatoire en application de la loi modifiée du 6 février 2009 portant organisation de l’enseignement fondamental qui définit les missions dans son article 50.

Toute personne résidant dans la Commune de Mertzig, intéressée à travailler au sein d’une Commission consultative, peut présenter sa candidature par écrit en renvoyant ce formulaire à l’Administration communale pour le vendredi, 06 octobre 2023 au plus tard. La participation d’un habitant dans plus d’une commission est possible. Il appartient ensuite au Conseil communal de nommer définitivement les membres des différentes commissions.

Le Collège des Bourgmestre et Échevins


Formulaire


 

Aller au contenu principal