19/09/2021 – Bike4all – Alles op de Vëlo am Waarkdall

D’Gemenge Feelen, Groussbus a Mäerzeg organiséieren dëst Joer déi 3. Editioun vum #bike4all, Sonndes, den  19. September 2021 vun 10.00 bis 18.00 Auer.

Départ a Parcours

Offiziellen Départ ass um 10.00 Auer
De Startpunkt ass fräi wielbar.

Den Tracé ass ausgeschëldert: et gëtt ee Family- an ee ProTour. De FamilyTour ass fir Famillje mat Kanner an de ProTour fir alleguerten déi motivéiert Cyclisten déi eng Erausfuerderung sichen.

Remarque

  • Kanner fueren nëmmen a Begleedung vun Erwuessenen!
  • D’Cycliste fueren op hir eege Verantwortung a respektéieren de Code de la Route!
  • Organisatioun am Respekt vun de gültege sanitäre Reegelen!

Circulatioun

(Version française / voir -> Documents)

D’Haaptstrooss (N21) ass komplett vun Uewerfeelen bis op Groussbus fir de Verkéier gespaart. Well d’Linnebusser awer wäerten um Tracé fuere gëllt et fir d’Cyclisten opzepassen an no dem Code de la Route ze fueren. Zousätzlech ass d’Rue de Dellen vum Gemengenhaus un bis op Dellen gespaart.

D’Administratioun vum “Ponts & Chaussées” këmmert sech ëm d’Ofspäre vun den Haaptstroossen (N21, CR314, CR345). Op kommunalem Niveau musse mir d’Accèse vun den Niewestroossen op d’Haaptstrooss spären a warnen/deviéieren de Verkéier mat Zäit iwwer Beschëlderung.

Well d’Stroossen um Knapp, Luuchtebierg, Réimercité a Fléitz vum Parcours ëmkreest sinn, gëtt op der Kräizung rue Principale / um Knapp / rue Wéchen e Passage amenagéiert.

Op dem Plang fannt Dir all néideg Informatioune bezüglech der Zirkulatioun an de Spärunge wärend dem Evenement.

Falls Dir um Tracé vum Evenement wunnt a vun enger Verkéiersspärung betraff sidd an den Dag och Äert Haus musst mam Auto verloossen, biede mir Iech déi néideg Mesuren ze huelen an Ären Auto an enger Niewestrooss ze parken, ofgesinn vun engem Noutfall natierlech.

Mir soen Iech am Virfeld Merci vir Äert Versteesdemech a freeën eis op puer Stonnen autofräien Dag an eisem Duerfzentrum.

Programme

  • 10h00 – Départ / Ouverture
  • 11h30 – Concert-Apéro mat der « Gaasserockbluesband »
  • Marche Gourmande Mäerzeg asbl
    • Gegrills (Hamburger, Grillwurscht, Chicken Nuggets, etc.)
  • Dësch-Tennis Groussbus-Mäerzeg
    • Gedrénks
  • 16h00 – Concert mat der « Gaasserockbluesband »
  • Kiermesbuden & Knuppautoen
  • Fairtrade Stand
  • 18h00 – Clôture 

Challenge « Du géint de Bierg »

Vu 14.00 bis 16.00 Auer mam Luc um Klapprad a Moderatioun vum Paul.

Special guests

  • Laurent & Lex Reichling
  • Vintage Boys

Informatiounen

Documents

Aller au contenu principal