Assermentation du nouveau Conseiller Marcel BARROS

De 26. Oktober 2022 an a Präsenz vum Gemengerot, ass de Marcel Barros als neie Gemengeconseiller vum Buergermeeschter Mike Poiré vereedegt ginn.

Opgrond vun den 2 oppene Plazen am Gemengerot, waren duerch een Arrêté ministériel, d’Komplementarwalen op den 20. November 2022 festgeluecht ginn.

Dës Walen brauchen awer net ofgehalen ze ginn, well fir déi 2 Posten just eng Kandidatur eragereecht ginn ass. Dem Gesetz no, ass dann deen eenzege Kandidat direkt « élu d’office ». Den Här Barros huet mat folgende Wierder d’Mandat als Conseiller ugeholl:

« Je jure fidélité au Grand-Duc, d’observer la Constitution et les lois du pays, et de remplir avec zèle, exactitude, intégrité et impartialité les fonctions qui me sont confiées. »

Aller au contenu principal