Aktioun « Kleng Botz »

Aus deenen aktuelle Grënn konnt eis „Grouss Botz“ dëst Joer leider net stattfannen.

Dat soll eis awer net ofhalen eiser Natur bëssen ze hëllefen.

D’Gemeng Mäerzeg proposéiert dofir eng „Kleng Botz”. Dëst wëll heeschen dass jiddereen fir sech eleng oder mat de Leit aus dem eegene Stot um Spadséierwee kann Dreck asammelen. Déi bekannt Rekommandatioune si natierlech weiderhin ze respektéieren.

Den agesammelten Dreck kënnt Dir einfach um Wee selwer laanscht d’Strooss oder beim Gemengenatelier ofstellen. Eng Pëtzzaang, ee Warngilet an Dreckstuten kënnt Dir och bei de Mataarbechter vun der Régie kréien.

Mir hoffen op Är Ënnerstëtzung! Passt weider op Iech op a bleift gesond! Merci!

Aller au contenu principal