9. Mee 2022 – Europadag

Um Europadag huet de Mäerzeger Schäffen- a Gemengerot sech op der Kiercheplaz versammelt fir un d’Affer vum fuerchtbare Krich an der Ukrain ze gedenken, an der Hoffnung dass d’international Communautéit et fäerdeg bréngt dem Krich een Enn ze setzen. Europa huet dat zesummebruecht, wat zesumme gehéiert.

Europa, dat ass en Zesummeschaffen an en Zesummeliewen. Europa, dat si Frëndschaften a Partnerschaften mat ville Fräiheeten, Garantien a Rechter, an enger eemoleger Solidaritéit ënnert de Länner an de Mënschen. Europa ass och en Europa vun de Gemengen, Stied an Dierfer. Well et ass do, wou d’Leit doheem sinn a liewen.

De Schäffen- a Gemengerot

#EuropeDay2022 #EuropeanUnion #europe #freedom #nowar #mertzig4all

Aller au contenu principal