14/09/2025 – Bike4all – Autofräie Waarkdall

5 Gemengen – een Zil: Mam Vëlo duerch den autofräie Waarkdall fueren!

D’Gemengen Feelen, Groussbus-Wal, Ettelbréck, Buurschent a Mäerzeg invitéieren op déi 7. Editioun vum #bike4all sonndes, de 14. September 2025 vu moies 10h00 bis 18h00.

Départ a Parcours

Offiziellen Départ ass um 10.00 Auer
De Startpunkt ass fräi wielbar.

Fir Animatioun, Iessen a Gedrénks ass op der Streck gesuergt.

Remarque

  • Kanner fueren nëmmen a Begleedung vun Erwuessenen!
  • D’Cycliste fueren op hir eege Verantwortung a respektéieren de Code de la Route!

Circulation

D’Haaptstrooss (N21) ass fir de Verkéier gespaart vun Uewerfeelen aus kommend bis op d’Héicht vun der Gemeng. D’Linnebusser (RGTR) goufen vum Ministère aus Sécherheetsgrënn an op Demande vun de Gemengen gestrach. De Code de la Route ass ze respektéieren an d’Kanner fueren nëmmen a Begleedung vun Erwuessenen. Zousätzlech ass d’”Rue de Merscheid” tëscht dem Gemengenhaus an der Kräizung “Rue de Dellen”/”Rue de Merscheid”  gespaart an d’”Rue de Dellen” vun der Kräizung “Rue de Dellen”/”Rue de Merscheid” a Richtung Dellen. D’Administratioun vum “Ponts & Chaussées” këmmert sech ëm d’Ofspäre vun den Haaptstroossen (N21, CR345). Op kommunalem Niveau musse mir d’Accèse vun de Niewestroossen op d’Haaptstrooss spären a warnen/deviéieren de Verkéier mat Zäit iwwer Beschëlderung. Op der Kräizung “Rue Principale”/”Rue Colmar-Berg”/”Rue de Dellen” gëtt e Passage amenagéiert. Op dem Plang fannt Dir all néideg Informatioune bezüglech der Zirkulatioun an de Spärunge wärend dem Evenement.

2025_Barrage routes

Programme

  • 10h00 – Ouverture

           – Iessen a Gedrénks:

  • Marche Gourmande Mäerzeg asbl: Gegrills, Fritten a Flammkuchen
  • Dësch-Tennis Groussbus-Mäerzeg: Gedrénks

           – Knuppautoen & Kiermesbuden

  • 11h30 – Concert « Roby Messineo»
  • 14h00-16h00 – Face-Painting an Atelier « Pins & Schlësselunhänger » mat der Nordstadjugend
  • 15h00 – Duell 1 zu 1 am Bierg (bei der Zapstell – rue de Dellen) mam Luc um Klapprad. – Sprint de Bierg erop géint en anere Cyclist! Ronn fir Ronn kënnt nëmmen ee weider – wie bleift um Enn als Leschten iwwereg? Déi 3 Stäerkst packen et op de Podium a gi mat flotte Präisser belount!
  • 16h00 – Concert « Gaasserockbluesband »
    + Kiermesmatch – FC Sporting Mäerzeg – Blo-Weiss Medernach
  • 18h00 – Clôture

Info

Flyer

Avis au public

Transport public

Aller au contenu principal