20/11/2025 – Séance académique « Mäerzeg 2025 »

Séance académique « Mäerzeg 2025 »! D’Feierlechkeeten vu 660 Joer Gebuertsdeeg kommen zum Enn: 175 Joer Porkierch, 150 Joer Chorale, 150 Joer Gemeng, 125 Joer Musik, 60 Joer Jugendpompjeeën! Happy Birthday! D’Jugendmusik ënnert der Direktioun vum Laurence Steichen huet d’Séance musikalesch ageleet. D’Journalistin Marlène Clement huet duerch den Owend gefouert an d’Table ronde mat de Gebuertsdagskanner moderéiert. De Buergermeeschter Mike Poiré huet op 150 Joer Gemeng zeréckgekuckt. D’Filmréalisatrice Tessy Troes huet « Teaser » produzéiert als Virbereedung op de groussen Dokumentarfilm. De Romain Schwind huet d’Maquette presentéiert vu sengem Konschtwierk « Mäerzeg 2025 » wat Mëtt 2026 seng Plaz virum Centre Turelbaach kritt. De Präsident vum Syvicol Emile Eicher, de Kulturminister Eric Thill an de Vize-Chamberpräsident Fernand Etgen hunn häerzlech gratuléiert an hiren Usproochen. De Schäffen- a Gemengerot an d’Gebuertsdagskanner hunn de Fairtrade-Gebuertsdagskuch vum Mäerzeger Bäcker Jos & Jean-Marie opgeschnidden. De Saxophon-Quartett Red-Sax huet d’Feierlechkeete musikalesch encadréiert. D’Caroline Martin huet d’Fotoe gemaach. D’Anne Backendorf huet d’Projektioun realiséiert an d’Firma Lemon huet Regie gefouert vu Bild, Liicht an Toun. De Schnékert huet de Patt an de Maufel servéiert. Merci fir d’Hëllef, d’Ënnerstëtzung an d’Präsenz: d’Mäerzeger Gemengepersonal, vu fréier a vun haut, de Fierschter, d’Vertrieder vum Schoulcomité, d’Kommissiounsmember, den Organisatiounscomité « Mäerzeger 2000 », d’Schäfferéit aus de Nopeschgemengen, den Här Paschtouer an d’Vertrieder vun der Por Saints Pierre et Paul Ettelbréck, d’Mäerzeger an d’Feelener Chorale, d’Mäerzeger Musik, de CGDIS, de CIS Mäerzeg mat de Jugendpompjeeën, d’Vertrieder vun de Lëtzebuerger Jugendpompjeeë, d’Mäerzeger Veräiner alleguer, de Pius-Verband an d’UGDA, d’interkommunal Syndikater SYVICOL, DEA, SIDEN a SIDEC, d’Éieregäscht alleguer. Op … « Mäerzeg 2050 »!

Aller au contenu principal