Réckbléck op d’Commemoratiounsfeier zu Mäerzeg mat engem klengen Extrait aus dem Buergermeeschter, Mike Poiré, senger Usprooch: „ (…) Ween haut dankbar no hanne kuckt muss an engem no vir kucken. D’Léieren aus dem Krich si méi aktuell wéi jee. Haass, Intoleranz a Nationalismus bedreeën ëmmer méi d’Zesummeliewe vun de Vëlker. An enger Zäit, wou och an Europa nees ëmmer méi Länner vun autoritären an totalitäre Regierunge geféiert ginn. An enger Zäit, an där Extremismus an Onwourechten op de soziale Medien normal gi sinn. Och wann et ëmmer méi schwéier gëtt, dogéint unzekämpfen, dierfe mir eis net ginn, fir de kommende Generatiounen ze vermëttelen, datt d’Demokratie an e friddlecht Zesummeliewe musse mat alle Mëttel verdeedegt ginn. (…)“