Aller au contenu principal

Référendum – Listes d’inscription pour le soutien de la demande visant l’organisation d’un référendum

De Schäfferot informéiert d’Wieler, déi d’Walrecht fir d’Chamberswalen hunn an déi an der Gemeng domiciliéiert sinn, datt si d’Demande iwwert d’Ofhale vun engem Referendum iwwert d’Propositioun vun der Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung, déi an éischter Liesung de 9. Mäerz 2022 vun der Chamber ugeholl ginn ass, ënnerstëtze kënnen, andeem si sech an de Lëschten aschreiwen, déi an der Gemeng vum 9. Abrëll 2022 bis den 9. Mee 2022 abegraff, opleien.

Well et sech beim 9. Mee 2022 em e gesetzleche Feierdag handelt (Journée de l’Europe), ginn d’Wieler informéiert dass dee leschten Dag fir sech op d’Lëschten anzeschreiwen, Samschdes, de 7. Mee 2022 ass.

Wärend dëser Period sinn d’Lëschten op folgende Plazen an zu folgenden Zäiten zougänglech:

Uert

Administration communale de Mertzig
22 Rue Principale
L-9168 Mertzig

Deeg an Zäiten

  • Méindeg — 08h30 – 11h30 // 13h30 – 16h30
  • Dënschdeg — 08h30 – 11h30 // 13h30 – 16h30
  • Mëttwoch — 08h30 – 11h30 // 13h30 – 18h30
  • Donneschdeg — 08h30 – 11h30 // 13h30 – 16h30
  • Freideg — 08h30 – 11h30 // 13h30 – 16h30

D‘Verwaltung ass ausnahmsweis an ausschließlich op, fir déi betreffend Lëscht z‘ënnerschreiwen, an dat Samschdes, jeweils vun 10h00 bis 12h00:

  • 9. Abrëll 2022,
  • 16. Abrëll 2022,
  • 23. Abrëll 2022,
  • 30. Abrëll 2022 a
  • 07. Mee 2022 – 07h00 bis 10h00.

Den Text vun der Propositioun vun der Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung kann op den uewe genannte Plaatzen an zu den uewe genannten Zaiten agesi gin.

Fir d’Demande iwwert de Referendum z’ënnerstëtzen muss de Wieler sech perséinlech op senger Gemeng presentéieren. De Wieler muss säin Numm, seng Virnimm a seng Adress dem zoustännegen Agent matdeelen an eng gülteg Pièce d’identité virweise kënnen.

Nodeems den Agent kontrolléiert huet ob de Wieler op de Wielerlëschten agedroen ass, leet den Agent dem Wieler d’Aschreiwungslëschte vir an dréit dem Wieler säin Numm, seng Virnimm a säi Gebuertsdatum an.

Nodeems de Wieler dës Aschreiwunge kontrolléiert huet, ënnerschreift hien d’Lëscht.

De Wieler deen duerch e physeschen Handicap net ënnerschreiwe kann, däerf sech vun enger Persoun begleede loossen, déi a sengem Numm ënnerschreiwen däerf. Dës begleedend Persoun däerf kee kommunaalt, nationaalt oder europäescht Mandat bekleeden, si muss liesen a schreiwe kënnen an däerf net gemäß de Bestëmmungen vum Artikel 6 vum ofgeännerten Walgesetz vum 18. Februar 2003, vum d’Walrecht ausgeschloss sinn.

Et däerfen déi Wieler ënnerschreiwen déi den Dag virum Ufank vun der Ënnerschrëfte Sammlung op de Wielerlëschte fir d’Chamberwalen agedroe sinn.
Déi Wieler déi net op der Wielerlëscht vun der Gemeng stinn, mussen eng Décisioun vum Buergermeeschter vun hirem Wunnuert respektiv vun enger Geriichtsinstanz virweise kënnen déi bezeit datt si d’Walrecht an där Gemeng hunn.

Déi Wieler déi zwar op dëse Wielerlëschten agedroe sinn, mee déi hiert Walrecht duerch eng gesetzlech Bestëmmung oder duerch e Geriichtsbescheed oferkannt kritt hunn, däerfe sech net un der Ënnerschrëfte Sammlung bedeelegen.

All Wieler däerf nëmmen eemol d’Lëscht ënnerschreiwen. D’Ënnerschreiwen am Numm vun enger drëtter Persoun ass verbueden ausser am Fall wou eng Persoun eng handicapéiert Persoun begleet.

D’Ënnerschrëft vum Wieler op der Lëscht bedeit datt dëse Wieler d’Demande fir d’Ofhale vun engem Referendum ënnerstëtzt.

Dës Demande ass nëmmen dann ugeholl, wa 25.000 Wieler se ënnerstëtzen.

Documents


Chargement…