Journée commémorative 2021

D’Erënnerung un den zweete Weltkrich oprecht erhalen

Nationale Gedenkdag gouf zesumme gefeiert

Och dest Joer gouf d’Journée commémorative op Aluedung vun der Gemengeverwaltung Maërzeg, zesumme mat Par, de Veräiner a Matbierger gefeiert.

Virum Centre Turelbaach ass et am Cortège, ugefuert vum lokalen Pompjeeskorps an der Mäerzeger Musik zesummen op di grouss Virplaatz bei der Kierch gaangen, fir sech do beim Denkmal ze versammelen. No senge Wëllkommensgréiss huet de Buergermeeschter Mike Poiré a senger Ried op den 80. Joresdag vun der Persounenstandsaufnahme an och un den Deportatiounszuch vum Oktober 1941 erënnert, den Lëtzebuerg a Richtung Litzmannstadt verloos huet. Och d’Affer vun der Shoah däerfen op desem Dag nit vergiess gin. Antisemitismus, Intoleranz, Rassismus a Friemenhaass wäerten och weiderhin keng Plaatz an eiser Mëtt, hun.

Dëss alljähreg Commémoratiounsfeier hei zu Mäerzeg ass esou wichtig fir eis Erënnerungskultur. An et ass och eis Flicht fir d’Erënnerung un de zweete Weltkrich oprecht ze erhaalen an déi Jonk mat anzebannen.

Hei zu Maërzeg erënnert um Monument eng laang Lëscht mat Nimm un d’Affer vun dëser grausamer Zäit. Dës Mënschen hunn hiert Liewen awer nit nëmme fir hier Heemecht geaffert, mee och d’Onofhängegkeet, déi d’Land zréckgewonne huet an déi Fräiheet an Demokratie, déi mir haut kënnen an Europa an zu Lëtzebuerg genéissen, hu mir hinnen ze verdanken. Ënnert de Kläng vun der “Sonnerie aux morts” gespillt vum Marc Gilson gouf eng Gerbe beim Denkmal niddergeluecht.

An der uschléissender Gedenkmass, zelebréiert vum Abbé Romain Richer a verschéinert vum vereenegtem Gesangveräin Feelen-Mäerzeg ënnert der Leedung vum Pol Pletschette ass de Romain Richer nach e Mol un d’Wichtigkeet vun der Verantwortung, d’Zesummenhaalen op der Welt agaangen, wou een haut sech all Dag fir d’Erhaalen vum Fridden muss asetzen.

Text a Fotoen: Charel Reiser

Aller au contenu principal