04.06.2019 – Kick-Off Event « #Mertzig4all »

Diapositive précédente
Diapositive suivante

Photos (C) Fränk Henkes

Kick-Off Event

De 04. Juni 2019 huet d’Gemeng Mäerzeg zësumme mat hiere Partner de Projet « #Mertzig4all » lancéiert. De Wëllen an d’Ambitioun sinn do fir, mat dësem LEADER-subventionnéierte Projet, déi éischt zertifizéiert Gemeinwohl-Gemeng zu Lëtzebuerg ze ginn. 

D’Gemeng Mäerzeg seet all sénge Mataarbechter, Partner an dem ganz zahlreichen a passionéiertem Publikum villmools Merci fir d’Geléngen vum Optaktevenement zum Leader-Projet #mertzig4all mam Papp vun der Gemeinwohl-Ökonomie (#GWÖ) Christian Felber. 

D’politescht Handelen an d’Wirtschaft méi no un d’Wuel vun der Allgemengheet orientéieren, no der « Matrix » vum GWÖ-Wirtschaftsmodell, déi op fundamental Wäerter opbaut: Menschenwierd, Solidaritéit, ökologesch Nohaltegkeet, sozial Gerechtegkeet a Kohesioun, souwéi demokratesch Matbestëmmung an Transparenz. 

Questionnaire

 Är Meenung zielt. De Questionnaire ass op FR /DE.  –> Dokument

Informatiounen

Weider Informatiounen zu dësem Projet: mertzig4all

Gären kënnt Dir awer och direkt eng Mail schecken op: mertzig4all @ mertzig.lu  

Aller au contenu principal