Actualités

Avis au public - Info chantiers

Info Chantieren

Spärung vun der Haaptstrooss

D’Gemeng Mäerzeg informéiert, datt am Kader vun der Ëmgestaltung vun der neier 30er-Zon op der Haaptstrooss, virun der neier Schoul, nach weider Aarbechte musse realiséiert ginn. Dës Aarbechten erfuerderen eng komplett Spärung vun der Strooss fir de gesamte Verkéier.
Dës Spärung ass néideg, fir déi follgend Aarbechten duerchzeféieren:
1. Fräsen an Erneiere vum Makadamm – den 29. an 30. Oktober 2026

Wéinst schlechter Ausféierung gëtt de Makadamm op der Haaptstrooss, tëscht de Kräizunge mat der Cité des Romains an der Fléitz, gefrääst an nei agebaut. Wärend dësen Aarbechten ass d'Strooss fir de gesamte Verkéier gespaart.
2. Opdroe vun der Epoxy-Beschichtung – vum 2. bis de 6. November 2026

Op den neie Plateaue vun der 30er-Zon gëtt eng Epoxy-Beschichtung opgedroen. Dës Aarbechte ginn an zwou Phasen duerchgefouert:


Éischt Phas: Plateau op der Héicht vum Gemengenhaus (tëscht den Haiser N°21 an N°9)

Dës Aarbechte (hellgro um Plang) wäerten ongeféier 2 bis 3 Deeg daueren.
Accès zum Gemengenhaus: Wärend dëser Zäit ass d’Gemengenhaus iwwer d’Dellenerstrooss accessibel. De Verkéier kann do an déi zwou Richtunge fueren.
Ëmleedung am Duerfzentrum: De Verkéier gëtt iwwer d’Rue de l’École, d’Viichterstrooss, d’Méchelbucherstrooss an de Collette’s Päsch ëmgeleet.

Zweet Phas: Plateau op der Héicht vun der Kierch

Dës Aarbechte wäerten ongeféier 2 Deeg daueren.

Wärend dëser Phas gëtt de Verkéier iwwer d’Rue de l’École, d’Viichterstrooss an d’Méchelbucherstrooss ëmgeleet.

Mir bieden déi vun den Aarbechte betraffen Awunner dofir, entspriechend Virsiichtsmoossnamen ze treffen an d’Gefierer ausserhalb vun de betraffene Beräicher ze parken.


D’Verwaltung vun de „Ponts et Chaussées“ wäert eng groussraimeg Ëmleedung fir de Schwéiertransport ariichten.


Mir soen Iech Merci fir Äert Verständnis an Är Gedold wärend dësen Aarbechten.


De Schäfferot mat de Gemengenservicer

Version française: PDF