CORONAVIRUS
Nëtzlech Informatiounen

COVID-19 // Actualités

De Corona-Virus erfuerdert vun eis alleguerten e responsabelt Handelen. Mir sinn als ganz Gesellschaft gefuerdert fir déi Vulnerabelst ënnert eis ze schützen.
 
Mir riichten nach eng Kéier den dringenden Appell un Iech fir d’Consigne vun der Regierung strikt anzehalen.
Nëmmen esou kann d’Verbreedung vum Virus agedämmt ginn.
 

Der Initiativ “Mäerzeg Solidaresch” an de Guiden a Scouten gëllt eis grouss Unerkennung fir d’Hëllef an
d’Ënnerstëtzung déi si eis Mäerzeger zënter dem Ufank vun der Kris proposéieren.
 

« Repas sur Roues » (SERVIOR)

Ab dem 25. März 2020 kënnen nei Clienten vum “Repas sur Roues” vu SERVIOR profitéieren.
 
Wéi gewinnt ginn eng Zopp, e Plat an en Dessert proposéiert, allerdéngs – an der momentaner Situatioun – als “Menu unique”. Geliwwert gëtt d’Zopp an engem Vakuum-Beidel a brauch just an enger Kasseroll erhëtzt ze ginn, de Plat (traditionell Kichen) an den Dessert kommen an enger recyclabeler Barquette déi an d’Mikrowell gestallt ka ginn (2-3 Minutte bei 800 Watt).
 
SERVIOR këmmert sech ëm d’Koordinatioun an d’Liwwerung. Aschreiwe kënnt dier Iech op der Gemeng via Telefon (83 82 44– 312) oder E-Mail: commune@mertzig.lu. De “Menu unique” ass op www.servior.lu ze fannen.
 

Service de Livraison fir « personnes vulnérables »

De “Forum pour l’emploi” proposéiert e “Service de Livraison” vu Liewensmëttel fir ufälleg Matbierger.
D’Bestellung kann iwwer Telefon (26 80 35 80) oder E-Mail (abokescht@fpe.lu) gemaach ginn. De Choix
läit bei iwwer 40 Produiten. Den Detail an all d’ Informatioune fannt Dir an der Annexe vun dëser Matdeelung.
Ufälleg Persounen si Leit iwwer 65 Joer oder déijéineg, déi eng vun deene folgende Krankheeten hunn:
Diabetes, kardiovaskulär Krankheeten, chronesch Erkrankunge vun den Otemweeër, Kriibs, Immunschwächt opgrond vun enger Krankheet oder enger Therapie.

corona.letzshop.lu

D’Regierung huet e Shop ageriicht fir ufälleg Matbierger:  https://corona.letzshop.lu/. Tel.: 8002 9292.
 

« Seniorentelefon » vum Club Senior Nordstad

Dir fillt Iech eleng, Dir huet eng Fro oder wëllt einfach e Wuert schwätzen? Da rufft un um 26 81 37 43 beim Club Senior Nordstad vu méindes bis freides, ëmmer moies vun 8:30 bis 12:00 Auer, a mëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer.
Méi Infos an Aktivitéiten: www.vital-an-aktiv.lu.

Covid-19: D’Hotline 8002-8080 offréiert an Zukunft och psychologësch Ënnerstëtzung

Communiqué vum: Gesondheetsministär

D‘Hotline 8002-8080, déi am Kontext vun der Epidemie Covid-19 geschaf gouf, offréiert och psychologesch Ënnerstëtzung,  dat a verschiddenen Sproochen, 7/7 Deeg vun 7 bis 23 Auer. 

An Zäiten vun Ausgangsbeschränkungen, opgrond vun der Epidemie, fille sech vill Leit onwuel an hunn Angscht a stinn alleng do mat hiren Onsécherheeten oder Froen.

Dës psychologesch Ënnerstëtzung per Telefon gëtt also jidderengem offréiert.  D’Betreiung duerch eng  héich qualifizéierten Equipe ass garantéiert, an ass präparéiert drop Persounen an Nout ze begleeden, dëst per Teleconsultatioun.

Gemengeservicer – Service réduit.

D‘Büroe vun der Gemeng bleiwen zou fir de Public, mee d’Servicer sinn ereechbar via E-Mail (commune@mertzig.lu) an Telefon:
 
  • Bureau de la Population / État civil Tél. 83 82 44 – 312
  • Recette Tél. 83 82 44 – 321
  • Secrétariat Tél. 83 82 44 – 311
  • Service technique Tél. 83 82 44 – 341
Mir bieden Iech nach eng Kéier nëmme fir dréngend Demarchen e Rendez-vous ze froen. Zertifikater an Dokumenter ginn Iech per Post, respektiv per E-Mail zougeschéckt esouwäit dat méiglech ass.
 
Vill Demarchë kënnen och online op www.mertzig.lu ou www.guichet.lu gemaach ginn.
 

SMS2CITIZEN

Enregistréiert w.e.g. Är Handysnummer op www.sms2citizen.lu. Iwwert dëse Service kann d’Gemeng Iech wichteg an aktuell Informatiounen via SMS schécken.

PAG – Enquête publique

D’”Enquête publique” am Kader vum PAG ass ab dem 25. Mäerz 2020 suspendéiert, wat bedeit dass ab dem offiziellen Ophiewe vum “État de crise” d’Enquête nach eng Kéier fir 6 Deeg op ass.
 
(Règlement grand-ducal du 25 mars 2020 portant introduction de mesures relatives à la validité des
cartes d’identité et aux délais en matière d’aménagement communal et de développement urbain
dans le cadre de la lutte contre le Covid-19 // Art. 2, paragraphe 2, alinéa 3 : « Cette suspension de délais en arrête temporairement le cours sans effacer le délai déjà couru.»)

Sammelplaz « Butzebierg » // SIDEC 

Eis kommunal Sammelplaz “Butzebierg ” ass ab dësem Samschdeg, 28. Mäerz 2020 erëm op.  Déi regional “centres de recyclage” vum SIDEC bleiwe bis op Weideres zou. D’ Kollecte (Poubelle, Valorlux) gi weider assuréiert wéi gewinnt.
 
(Circulaire ministérielle n° 3790)
 

VALORLUX

Ab dem 30. Mäerz 2020, proposéiert Valorlux eng Léisung fir d’Bierger mat „bloen“ Tuten ze beliwweren.

D’Bierger kënnen hier Rouleauen „online“ bestellen. D’Commande gëtt um Site www.valorlux.lu ënnert der Rubrique « Shop » gemaach.

D’Bierger sinn gebieden ee Compte opzemaachen an hier Commande opzeginn.  Pro Commande kann een 1 Rouleau à 20 Tuten bestellen. D’Commande gëtt dann bannent enger Woch heem geliwwert.

Enseignement  //  Structures d’accueil

D’Schoul, d’Maison Relais an d’Crèche bleiwen zou bis viraussiichtlech de 25. Mee 2020.
Fir weider Informatiounen, besicht w.e.g. de Site www.schouldoheem.lu.
 
Spillplazen, Schoulhäff, Sportinfrastrukturen zou!
Mir maachen den dringenden Rappel dass d’Spillplazen, d’Schoulhäff an d’Sportinfrastrukturen zou sinn fir jiddereen.
 
Restauranten déi een “Take away” oder Liwwerservice ubidden (Mäerzeg an Ëmgéigend)
 
  • Let’z Taste It (Mertzig) // Tél. 26 88 05 40 // Whatsapp: 691 591 987 // letztasteit.lu
  • Restaurant “Beim Abruzzebier” (Grosbous) // Tél. 26 88 11 25 // beimabruzzebier.lu
  • Restaurant-Pizzeria “Le Millénaire” (Niederfeulen) // Tél. 26 81 05 10 // restaurant-le-millenaire.lu
  • Restaurant-Pizzeria “Am Park” (Colmar-Berg) // Tél. 28 99 26 73
  • Restaurant “Alegrià” (Mertzig) // Tél. 28 99 23 11 // alegria-restaurant.lu

Sites: www.miammiam.lu / www.takeaway.com

Bäckereien – Épiceries (zu Mäerzeg)
  • Boulangerie-Épicerie Burelbaach // Tél.: 83 82 42
  • Boulangerie-Pâtisserie Jos & Jean-Marie // Tél.: 88 92 86 // jjm.lu
  • Les Épiceries du Luxembourg Mertzig (by Pall-Center) // Tél.: 24 84 00 97 // pallcenter.lu
  • Station-service GULF avec CACTUS SHOPPI // Tél.: 26 88 25 1 // gulf.lu

Fir all weider Informatioune verweise mer op d‘Internetsite vun der Regierung (www.gouvernement.lu) vum Gesondheetsministère (www.sante.lu), oder rufft op der Hotline un: 8002 8080.

Fir weider Informatiounen kukt och ënnert:

Publikatiounen // Publications

20200327_COVID_AP_04_FR