Vakanzenaktivitéiten an Theaterprojet vun der Nordstadjugend

Vakanzenaktivitéiten

Vum 07. bis den 19. Februar 2022 organiséiert d’Nordstadjugend verschidden Vakanzenaktivitéiten!

Weider Infoen an umellen kënnt Dir Iech ënnert: http://2019.nordstadjugend.lu/vakanzenaktiviteacuteiten.html

Theaterprojet "Féier eng op"

„Féier eng op“ ass e flotten Theaterprojet dee  vun der Nordstadjugend organiséiert gëtt.

Ziel vun dem Projet ass, dass déi Jonk sech kënnen op kënschtlecher Aart op oder hannert enger Bün ausdrécken an hiert eege Konschtstéck mat engem  Optrëtt am CAPE virstellen: mat hirem Message, hiren  Iddien, hirer  Konscht.

Se kënnen,   mussen  awer keng Erfarung  hunn. Déi Jonk sollen  sech op engem vun de Schnupperdeeg e Bild vun de  Workshops maachen, a kucken wat alles ugebuede gëtt, natiirlech onverbindlech.

All Aarte vu  Konscht si  wëllkomm:

Musek: danzen, sangen, rappen, Beatbox,….

Schauspillerei: schwätzen, danzen, Pantomim,…

Bünebild: molen, bitzen, Schräinerei, Design,….

Hannert der Bün: Text vum Stéck, Luucht, Organisatioun, Technik,….

Mell dech an Entscheed  eréischt  no dem Schnupperstage ob respektiv wat’s du maache wëlls.

Weider Infoen an umellen kënnt Dir Iech ënnert: http://2019.nordstadjugend.lu/feacuteier-eng-op.html

 

Aller au contenu principal