Rentrée scolaire 2021/22 – Changement d’horaire

An der Entwécklung vum “Projet intégré” Mäerzeger Schoul-Maison Relais ass am Januar 2021 een Aarbechtsgrupp geschaf ginn mat Elterevertrieder, Enseignanten an Educateuren mam Sujet “Horaire an Dagesoflaf” zum Wuel vum Kand, nodeems eng éischt Diskussioun den 8. Juni 2020 an der Schoulkommissioun stattfonnt huet.

Dësen Aarbechstgrupp huet an e puer Sitzungen verschidde Modeller analyséiert nom Pro a Kontra, ënnert der Berücksichtegung natierlech vum gesetzlechen a reglementaresche Kader. E neien Modell gouf ausgeschafft an dem Gemengerot eng éischte Kéier den 18. Mäerz 2021 presentéiert.

Fir de Projet sou partizipativ, transparent an demokratesch wéi méiglech ze halen huet de Gemengerot do gréng Luucht ginn fir dës ausgeschafften Ëmfro bei den Elteren a Schoulpartner ze lancéieren ab dem 19. Mäerz 2021:

Vun 219 ausgedeelten Questionnairen sinn der 213 beäntwert ginn, wat een exzeptionellen Participatiounstaux vun 97,26% ergëtt.

D’Resultat vun der Ëmfro ass dem Gemengerot de 29. Abrëll 2021 presentéiert ginn:

Opgrond vun dëse ganz favorabelen Resultater huet d’Schoulkommissioun an der Sitzung vum 4. Mee 2021 unanime ee favorabelen Avis zum proposéierten “Changement d’horaire” ofginn.

Op Basis vun dësem Avis an de ganz favorabelen Resultater vun der Ëmfro, virun allem och dem exzeptionellen Participatiounstaux vu ronn 97%, huet de Gemengerot an der Sitzung vum 20. Mee 2021 unanime fir de “Changement d’horaire” gestëmmt, wat de Schäfferot den Dag drop, 21. Mee 2021, den Elteren, alle Schoulpartner an der Schouldirektioun matgedeelt huet.

Den Detail vun dëser Deliberatioun ass hei nozeliesen:

Aller au contenu principal